Volleyball Coupe
Walfer bei den Dammen an de Männer weider

Walfer, Péiteng, Stengefort an Dikrech bei den Dammen, a Walfer, Fenteng, Bartreng an Iechternach bei den Hären.
Bei den Hären huet sech Walfer mat 3-1 géint Esch behaapt an Fenteng klappt Luerenzweiler 3-1. Domat stinn béid Equippen an der Halleffinale. Um Sonndeg gouf et dann zwee Mol en 3-0, dat tëscht Bartreng a Biekerech an Iechternach a Stroossen.
An de Véirelsfinallen bei den Dammen konnt sech Walfer mat 3-0 géint Wolz behaapten. De Volleyball Club Péiteng wënnt mat 3-0 géint de VC Belair. 3-0 ass et och tëscht Stengefort a Bouneweg, souwéi Dikrech a Mamer ausgaang.
Am meeschte gelies