Volleyball Challenge Cup
D'Residence Walfer verléiert 0:3 géint Chaumont

Am europäeschen Challengecup bäi den Hären am Volleyball huet Walfer sech och Auswäerts misse mat 0:3 géint déi franséich Profie vu Chaumont geschloe ginn.
Wann et am éischte Saz nach ganz enk wor a Chaumont réischt bäi 26-24 de Sak zoumaache konnt, sou waren d'Säz 2 an 3 mat 25-15 a 25-21 méi däitlech un de Favorit gaangen.
De Lëtzebuerger Kamil Rychlicki war mat sengem Veräi vu Maaseik an der Championsleague am Asaz. Obwuel de Lëtzebuerger mat am Ganzen 20 Punkte beschte Spiller vum ganze Match war, ass et fir seng Equipe net duergaangen a Maaseik huet doheem mat 0:3 géint déi polnech Equipe Kedzierzyn-Kozle de Kierzere gezunn.
Am meeschte gelies