An de leschten Deeg gouf scho vill iwwer Nation Branding am Sport geschwat. 2017 ginn et dofir direkt e puer Méiglechkeeten.

Engersäits sinn et déi Lëtzebuerger Sportlerinnen a Sportler, déi de Lëtzebuerger Fändel am Ausland d'ganzt Joer héich halen, anerersäits ginn et awer och grouss Sportsmanifestatiounen, déi international renomméiert Athleten a vill Spectateuren an eist d'Land lackelen. Evenementer, déi dem Grand-Duché eng méi grouss Visibilitéit ginn, Evenementer déi d'Mark Lëtzebuerg no baussen hi positiv verkafen.

19. EURO – MEET / 27. – 29. Januar 2017 (www.euromeet.lu)

CYCLOCROSS WM / 28. – 29. Januar 2017 (www.bieles2017.lu)

12. NUETSMARATHON / 27. Mäi 2017 (www.ing-night-marathon.lu)

77. TOUR DE LUXEMBOURG / 31. Mäi – 06. Juni 2017 (www.aotdl.lu)

RÉISER PÄERDSDEEG / 08. – 11. Juni 2017 (www.jumping.lu)

IRONMAN 70.3 / 18. Juni 2017 (www.eu.ironman.com)

DEPART 3. ETAPP TDF / 04. Juli 2017 (www.letour.fr)

DËSCHTENNIS EQUIPPEN EM / 13. – 17. September 2017 (www.fltt.lu)

WTA TOURNOI KOCKELSCHEIER / 14. – 21. Oktober 2017 (www.bglbnpparibas-open.lu)