Lëtzebuerger Sportler am AuslandAlex Laurent wënnt mat Den Helder

RTL Lëtzebuerg
An der 1. Hollännescher Divisioun konnt de Lëtzebuerger mat Den Helder géint Weert gewannen.
© pressphoto (archiv)

An der 1. Hollännescher Divisioun am Basket konnt den Alex Laurent mat Den Helder mat 78:64 géint Weert gewannen. De Lëtzebuerger konnt 8 Punkten, 5 Rebounds an 2 Assists (25 Minutte Spillzäit) bäisteieren. An der Tabell steet Den Helder elo op der 6. Plaz.

D'Tina Welter huet e Samschdeg an der 2. Däitscher Handball-Bundesliga mat Waiblingen géint den ongeschloenen HL Buchholz 08 - Rosengarten mat 28 op 27 gewonnen. Dobäi huet d'Lëtzebuergerin 3 Goler fir hir Ekipp markéiert. No engem Réckstand vun 9 Goler an der éischter Halbzeit war et eng staark Ekippeleeschtung, fir dëse Match nach ze gewannen.

An der 2. Däitscher Basketball-Bundesliga hunn d'Gladiators Tréier mam Thomas Grün e Samschdeg eng souverän Victoire gefeiert. D'Ekipp ronderëm de Lëtzebuerger huet um 17. Spilldag mat 78:63 (17:21, 26:17, 22:16, 13:9) géint d'Hamburg Towers, den aktuell Tabellenzweeten, gewonnen. Den Thomas Grün huet 11 Punkte markéiert. D'Ekipp vun Tréier steet den Ament op der 6. Plaz an der Tabell. Déi 8 éischt Ekippe qualifizéiere sech fir d'Playoffs.

FOTOGALERIE: Andréck vun Tréier vum Ant DeisterAn der däitscher Coupe am Dëschtennis huet Bad Driburg mam Sarah de Nutte sech e Samschdeg missen an den Halleffinalle mat 0:3 géint Berlin geschloe ginn. D'Berlinerinne sinn als klore Favorit an d'Partie gaangen, si hunn d'Coupe an de leschte Jore 5 Mol noenee gewonnen. D'Sarah de Nutte huet hie Partie mat 1:3 géint d'Nummer 2 vu Berlin verluer.

Back to Top
CIM LOGO