Youth Sports Games zu Split a KroatienAll-Star-Futtballmatch mat Ibrahimovic a Modric vun 21:00 Auer un am Livestream

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem déi zwee Futtballspiller stinn enger Ekipp aus jonke Sportler géintiwwer.

D'Plazma Youth Sports Games sinn déi gréissten Amateur-Sportspiller fir Kanner a Jugendlecher an Europa. Iwwer d'Joer ginn Evenementer a Kroatien, Serbien, Bosnien-Herzegowina, Slowenien an Nordmazedonien organiséiert. An de leschten dräi Joerzéngten hunn d'Spiller méi wéi 3,8 Millioune Kanner a Jonker zesummebruecht.

Dëse Summer gëtt déi 30. Editioun vun de Spiller gefeiert. Déi zentral Feierlechkeete si wärend der internationaler Finall zu Split a Kroatien, déi vum 17. bis den 22. August 2026 ofgehale gëtt. E Freideg gëtt den traditionellen All-Star-Futtballmatch vun de Plazma Youth Sports Games op der Plaz vun der Republik zu Split gespillt. Bei der Partie stinn nieft jonke Sportler och bekannt Nimm aus der Futtballwelt um Terrain. Mat dobäi sinn ënner anerem de fréiere Futtballspiller Zlatan Ibrahimovic an de Futtballspiller Luca Modric, wéi och den Tennisspiller Novak Djokovic. Nieft de Sportler spillen och nach UEFA-Vertrieder a Sport-Ambassadeure mat.

Start vum Stream: 21:00 Auer
Enn vum Stream: 22:00 Auer
De Stream ass mat engleschem Commentaire.

Back to Top
CIM LOGO