3. italieenesch LigaFréiere Weltstar Ronaldinho feiert Comeback, fir "300. Gol" ze schéissen

RTL mat AFP
Am Alter vu 46 Joer an no 11 Joer Paus vum Profifuttball wëll de Ronaldinho et nach eng Kéier wëssen.
De fréiere brasilianesche Weltstar bei der Presentatioun zu Ravenna.
De fréiere brasilianesche Weltstar bei der Presentatioun zu Ravenna.
© STEFANO RELLANDINI/AFP

De fréiere brasilianesche Superstar Ronaldinho, deen u sech seng Futtballschong 2015 un den Nol gehaangen huet, huet en Donneschdeg annoncéiert, datt hien no 11 Joer e Comeback wäert feieren. Dofir schléisst hie sech "Ravenna" aus der 3. italieenescher Liga un a wëll do probéieren, säin "300. Gol" ze schéissen.

De 46 Joer ale Brasilianer, deen 2002 d'Weltmeeschterschaft gewonnen huet an 2005 de Ballon d'Or krut, huet seng grouss Futtballkarriär am September 2015 un den Nol gehalen, nodeem hien zum Schluss fir Fluminense a Brasilien gespillt huet.

"Ech si glécklech hei ze sinn. Mir hunn Ekipp, déi eppes Guddes ka maachen", esou de fréiere Spiller vum PSG, Barcelona an AC Mailand bei senger Presentatioun zu Ravenna. "Wäert der mech gesi spillen. Ech weess et net. Just den Trainer weess dat. Zeréck an Italien ze kommen ass wonnerbar. Ech sinn hei, fir menge Matspiller ze hëllefen, Matcher ze gewannen. [...] Wéi der gesitt, sinn ech a form. Ech fille mech gutt. Wann ech mäin 300. Gol kéint schéissen, wär dat esouguer nach méi genial".

De Comeback vum Ronaldinho ass awer elo net déi aktuellsten News, well de Besëtzer vun der Ekipp, den italieenesch-amerikanesch Geschäftsmann Ignazio Cipriani, hat dëst am Juni schonn am Kader vum der Weltmeeschterschaft annoncéiert. Den Cipriani besëtzt de Club zanter 2024.

"Säin Zil ass romantesch, ze probéieren, säi leschte Gol ze schéissen", esou de Cipriani bei der Presentatioun. "Säin Engagement ass awer kee Marketing-Stunt, just fir dat Leit iwwer eis schwätzen". Weider huet de Besëtzer matgedeelt, datt de Brasilianer, deen 33 Goler a 97 Matcher fir säi Land geschoss huet, Parte vum Veräin kritt an den nächste Méindeg bei der Partie géint Reggiana an der Serie C net um Terrain wäert stoen.

Ravenna war dat lescht Joer Drëtten an der Grupp B vun der Serie C ginn an huet domadder den Opstig verpasst. Dës Saison ass d'Zil kloer gesat: Den Opstig an Serie B, an där een zanter 2008 net méi gespillt huet.

Back to Top
CIM LOGO