Internationale FuttballArsenal gewënnt London-Derby géint Chelsea

RTL Lëtzebuerg
ManU verléiert wichteg Punkten zu Aston Villa. An der Bundesliga ass Union Berlin bei Leverkusen mat 0:5 ënnert d'Rieder komm.
© AFP

Um Sonndeg war an der Premier League de Leader Arsenal am Derby géint Chelsea a Liverpool war zu Gaascht bei Tottenham. An der Ligue 1 huet Paräis eng wichteg Victoire gefeiert a ka seng Féierung an der Tabell ausbauen. An der Bundesliga huet Union Berlin seng Tabelleféierung verluer.

An der hollännescher Eredivisie huet d’PSV Eindhoven de Spëtzematch bei Ajax Amsterdam mat 2:1 gewonnen. Och wann déi éischt Hallschent spilleresch net um beschten Niveau war, war Einhoven net onverdéngt mat 1:0 an d’Paus gaangen. Nom Säitewiessel huet d’PSV op 2:0 erhéicht. Amsterdam war laang net am Match a konnt eréischt um Schluss verkierzen, den Ausgläich sollt awer net méi falen.

Bundesliga

Leverkusen - Union Berlin 5:0
1:0 Andrich (47'), 2:0 Diaby (56'), 3:0 Diaby (58'), 4:0 Hlozek (68'), 5:0 Bakker (76')

Leverkusen huet sech am Match géint Union Berlin de Frust vun de leschte Woche vun der Séil geschoss. Et war eng zéi éischt Hallschent, déi ouni Goler blouf. Nom Säitewiessel huet den Andrich géint säin Ex-Veräin den éischte Gol fir Leverkusen markéiert, éier den Diaby en Doublé realiséiert huet. Duerno huet Union de Match opginn a Leverkusen konnt seng weider Chancen notzen. D’Köpenicker verléieren duerch dës Néierlag d’Tabelleféierung u Bayern München.

Freiburg - Köln 2:0
1:0 Jeong (53'), 2:0 Gregoritsch (64')

Freiburg hat de bessere Start an de Match erwëscht, hat awer keng Chance virum Gol. Köln hat bis op eng gutt Chance kuerz virun der Paus net vill vum Match. An der 53. Minutt ass den Sportclub verdéngt a Féierung gaangen a konnt zéng Minutte méi spéit nach een drop setzen. Och duerno huet Freiburg de Match kontrolléiert a gewënnt um Enn verdéngt. D’Ekipp vum Trainer Christian Streich ass elo neien Tabellenzweeten. Bei de Kölner ass de Mathias Olesen kuerz viru Schluss agewiesselt ginn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Chelsea - Arsenal 0:1
0:1 Gabriel Magalhaes (63')

Arsenal hat besser an de Match fonnt a war déi méi aktiv Ekipp. Bis d’Hallschent hu sech béid Ekippen net vill brauchbar Chancen erausgespillt. Nom Säitewiessel gouf Chelsea méi aktiv, mee et war Arsenal, dat duerch de Gabriel Jesus verdéngt den 1:0 markéiere konnt. Duerno haten de Saka an den Ödegaard nach e puer gutt Chancen, sou dass Chelsea zum Schluss vum Match nach den Ausgläich hätt schéisse kënnen, wat awer net gegléckt ass. Duerch dës Victoire bleift Arsenal an der Tabell viru Manchester City op Plaz 1.

Aston Villa - Manchester United 3:1
1:0 Bailey (7'), 2:0 Digne (11'), 2:1 Ramsey (45'+1, Eegegol), 3:1 Ramsey (49')

Aston Villa huet mam neien Trainer Unai Emery direkt en Zeeche gesat a Manchester United eng Néierlag zougefüügt. D’Heemekipp huet ManU an den éischte Minutten iwwerrascht an hätt nach weider Goler schéisse kënnen. Kuerz virun der Paus konnt Manchester glécklech verkierzen, mee nom Säitewiessel huet Aston Villa den ale Réckstand nees hiergestallt. Fir Aston Villa war et déi éischt Victoire doheem géint ManU zënter 1995.

Tottenham - Liverpool 1:2
0:1 Salah (11'), 0:2 Salah (40'), 1:2 Kane (70')

Liverpool huet um Sonndeg nees säi gutt Gesiicht gewisen. No engem séieren 1:0 hunn d’Reds de Match weider kontrolléiert an Tottenham huet ofgewaart. Kuerz virun der Paus huet de Mo Salah eng zweet Kéier zougeschloen. Tottenham koum awer ganz motivéiert aus de Kabinnen an huet Liverpool hanne ra gedréckt. Méi wéi dem Harry Kane säin 1:2 sollt awer net méi geschéien, och wann d’Spurs den Ausgläich verdéngt gehat hätten.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Sampdoria Genua - Florenz 0:2
0:1 Bonaventura (4'), 0:2 Milenkovic (58')

Mat der éischter Chance huet Florenz den éischte Gol markéiert, duerno ass de Match awer verflaacht. An der zweeter Hallschent hunn d’Gäscht no ville Chancen den 2:0 geschoss an de Match duerno geréiert. Duerch dës Victoire distanzéiert sech Florenz vun den Ofstigsplazen.

AS Roum - Lazio Roum 0:1
0:1 Felipe Anderson (29')

Am Derby della Capitale setzt sech Lazio um Enn duerch. Et war awer d’AS Roum, déi besser an de Match koum, huet dem Lokalrival beim 0:1 awer e Kaddo gemaach. D’Roma huet sech vill Golchancen erausgespillt, mee et sollt kee Gol fir déi Rout-Giel falen. D’Lazio ass elo Drëtten an der Tabell, d’AS Roum ass Fënneften.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Lorient - PSG 1:2
0:1 Neymar (9'), 1:1 Moffi (53'), 1:2 Pereira (81')

De PSG war an der éischter Hallschent déi besser Ekipp a konnt duerch den Neymar fréi a Féierung goen; dobäi huet de Golkipp vu Lorient staark matgehollef. Lorient war trotzdeem net ouni Chancen a konnt kuerz no der Paus den Ausgläich schéissen. E puer Minutte méi spéit hätt d’Heemekipp souguer a Féierung kënne goen, mee de Ball goung un de Potto. Néng Minutte viru Schluss huet den Danilo Pereira fir Paräis den decisive Gol geschoss. De PSG gewënnt um Enn en enke Match a konnt de sechste Match hannertenee gewannen.

Toulouse - Monaco 0:2
0:1 Golovin (46'), 0:2 Embolo (60')

Monaco war gutt an de Match komm an hat déi ganz éischt Hallschent déi besser Chancen, konnt awer eréischt no der Paus seng Chancen a Goler ëmmënzen. Duerch zwee séier Goler hannerteneen hunn d’Monegassen de Match fir sech entscheet. Monaco ass elo Véierten an der Tabell, huet awer schonn 11 Punkte Retard op de PSG.

Lille - Rennes 1:1
1:0 Fonte (16'), 1:1 Bourigeaud (58')

Lille konnt fréi a Féierung goen an hat eng Rei Méiglechkeeten dës Féierung auszebauen, wat bis zur Paus awer net gelénge sollt. De Gaascht vu Rennes krut an der 58. Minutt nom Agrëff vum VAR en Eelefmeter zougesprach an konnt deen och verwandelen. Lille huet weider versicht e Gol ze schéissen, mee konnt seng Chancen net notzen. Fir Rennes war et no fënnef konsekutive Victoiren nees e Punktverloscht.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Atlético Madrid - Esp. Barcelona 1:1
0:1 Darder (62'), 1:1 Joao Felix (79')

Atlético Madrid verléiert op en Neits wichteg Punkten, fir méi no un de Spëtzeduo Real a Barcelona ze réckelen. An der éischter Hallschent gouf et keng Goler ze gesinn, dofir awer eng Rout Kaart fir fir d’Gäscht, déi knapp 60 Minutten an Ënnerzuel agéiert hunn. Madrid hat wuel e puer Chancen, konnt se awer net notzen. No der Paus war Espanyol Barcelona a Féierung gaangen, Atlético konnt no 79 Minutten awer nach eng Chance notzen a kritt um Enn ee Punkt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO