Den Alex Badois ass ee vun deene Spiller, déi an der Basketekipp vun de Special Olympics spillen. Hie war dann och e Samschdeg beim Basketdag am Rehazenter mat dobäi.
Den Alex Badois huet autistesch Zich a spillt zënter 2014 Basket bei de Special Olympics. D’Sportaart mam orange Ball gëtt him vill Freed, Sécherheet a Selbstvertrauen. Duerch NBA-Matcher, déi hien op der Tëlee gesinn huet, ass hien op de Goût vum Basket komm. Fir dee 27 Joer ale Mann ass een Handicap awer keen Obstakel.
Den Alex Badois schafft bei der Association des Parents d'Enfants Mentalement Handicapés. Hien trainéiert 3 Mol d’Woch an ass beim Gros vun de Matcher am Asaz. D’Special Olympics sinn net nëmmen eng agespillten Ekipp, ma eng grouss Famill. Een Deel vun der Ekipp wäert am Mäerz bei de Special Olympics Weltsummerspiller zu Abu Dhabi dobäi sinn. Esou och den Alex Badois.
Am Kader vum Basketdag goufen ënnert anerem Workshoppen organiséiert. Encadréiert goufen d’Spiller vun de Special Olympics vun Traineren a Spiller aus der Lëtzebuerger Basketwelt. Am Fokus stoung virun allem Kierf schéissen, souwéi d’Technik an d’Ausdauer ze verbesseren. Um Samschdeg war awer och ee Promi-Match. Bei deem sinn ënnert anerem Sportler a Politiker op d’Special Olympics getraff. Den Alex Badois ass grousse Fan vun der Amicale Steesel a wëll an Zukunft do spillen. Trotz senger Behënnerung mécht him Basket spille vill Freed. Och an den nächste Jore wëll hie senger Leidenschaft nogoen.