LiichtathletikBob Bertemes séchert sech den Titel am Bommstoussen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war den drëtten Dag vum nationale Championnat an der Liichtathletik zu Esch.
De Bob Bertemes séchert sech den Titel am Bommstoussen
Direkt am éischte Versuch sinn dem Bob Bertemes 21,38 Meter gelongen an dat war gläichzäiteg och säi beschten.

De Bob Bertemes ass e buedemstännegen Kärel, dee sech am wuelsten op Kompetitioune bei eis am Ländche fillt. De Bielesser huet selwer derfir gesuergt, fir d’Spuere vum Reen ewechzekréien. Well beim Bommstoussen ass dat e Problem, wann den Terrain naass ass, esou de Sportler.

Den 1. Stouss souz, mat 21 Meter 38, an dat ass och wichteg, well op den Olympesche Spiller zielt de beschten vun den 3 éischte Stéiss, fir an d’Finall ze kommen, erkläert de Khalid Alqawati, Trainer vum Bob Bertemes. Um Training huet een extra drop geschafft, datt de Bob Bertemes bei den éischten dräi Stéiss seng Beschtleeschtunge ka bréngen.

Duerno koumen 4 ongëlteg Stéiss. Mat 21 Meter 23 beim leschte Stouss war de Bob wéi erléist. Ufanks August, wäert et et dann zu Tokio op den Olympesche Spiller ëm d’Wurscht goen.

Ee Mount méi spéit wäert den Tom Habscheid bei den Paralympics am Asaz sinn. D’Kugel, mat där den Diddelenger do wäert stoussen, ass méi liicht, wéi déi haut.

Mat 12 Meter 86 huet den Tom Habscheid eng perséinlech Bescht mat der schwéierer Bomm gestouss. Den 8. September stéisst hien zu Tokio mat där liichter. Bis dohinner bleift nach e bëssen Zäit, fir an Toppform ze kommen

LINK: All d’Resultater um Site vun der FLA
RTL-News: Grethen Champion iwwer 1.500 Meter

Back to Top
CIM LOGO