
Am éischten Asaz iwwert déi olympesch Distanz an dëser Saison gëtt de Bob Haller den 38. an enger Zäit vun 1 Stonn 57 Minutten a 56 Sekonnen. Domadder hat hien e Retard vu 7 Minutten a 26 Sekonnen op de Gewënner Alberto Gonzalez Garcia aus Spuenien. Zweeten gouf de Brit Ben Dijkstra virum Vetle Bergsvik Thorn aus Norwegen. Déi éischt 3 koumen innerhalb vun 3 Sekonnen op d'Arrivée.