FuttballChris Philipps gouf vu Legia Warschau fräigestallt

RTL Lëtzebuerg
De Chris Philipps muss sech en neie Veräin sichen, nodeems déi Responsabel vu Legia Warschau hien um Sonndeg den Owend fräigestallt hunn.
© pressphoto.rtl.lu (Archiv)

Dat mellen divers polnesch Medien um Méindeg de Moien.

De Chris Philipps steet elo also um Transfer-Maart an huet bis Enn des Mount fir en neie Veräin ze fannen. Op www.transfermarkt.de steet de Lëtzebuerger mat engem Maartwäert vun 1,25 Milliounen Euro. Hien hat nach e Kontrakt bis Enn 2019 beim Veräin aus der polnescher Haaptstad.

Zanter dem Trainerwiessel am August 2018, wou de Portugis Ricardo Sa Pinto d’Rudder iwwerholl huet, spillt de Lëtzebuerger Nationalspiller awer keng grouss Roll méi an der 1. Equipe.

Déi lescht Saison hat hien nach mat Legia Warschau den Doublé als Stammspiller feiere kënnen.

Nieft dem Chris Philipps mussen och de Jose Kante an de Cristian Pasquato sech en neie Veräin sichen. Och si goufe fir d’Trainingslager a Portugal net nominéiert.

Op Nofro huet et de Chris Philipps RTL confirméiert, datt hien eben net méi mat an d’Trainingslager gereest ass. Méi wollt hien den Ament awer net soen.

Back to Top
CIM LOGO