Lëtzebuerger Futtballer am AuslandChristopher Martins bereet entscheedende Gol vu Bern vir

RTL Lëtzebuerg
D'Young Boys konnte sech 1:0 géint Neuchâtel Xamax duerchsetzen.
© pressphoto.rtl.lu (Archiv)

An der aachter Minutt huet de Lëtzebuerger Nationalspiller am Déngscht vun de Young Boys Bern de Ball perfekt fir den Nsamé an d'Déift gespillt. De Stiermer hat just nach de Golkipp viru sech an huet dësem keng Chance gelooss. Et ass beim 1:0 bliwwen. Domadder ass Bern weider op der éischter Plaz an der Tabell, dat mat 67 Punkten a 5 Avance op St. Gallen.

Um 10. Spilldag vun der schwedescher Liga gewënnt Norrköping 2:0 géint Varbergs BoIS. Beim 2:0 an der 52. Spillminutt war et de Lëtzebuerger Lars Gerson deen am 16-Meter-Raum ofgezunn huet an nach vum Lauritsen ofgefälscht gouf, iert en an de Gol gaangen ass. Alles an allem e gudden Dag also fir de Lëtzebuerger.

© RTL

Och den FK Ufa a Russland, der Ekipp vum Olivier Thill war e Mëttwoch um Terrain, dat géint Arsenal Tula. Hei ass de Match 0:0 ausgaangen.

Back to Top
CIM LOGO