
Am Tennis, huet sech d‘Jasmine Paolini als Éischt fir d‘Finall zu Wimbledon qualifizéiert. D‘Italienerin setzt sech an 3 Sätz mat 2-6, 6-4 a 7-6 géint Donna Vekic aus Tschechien duerch.
Och iwwer dräi Sätz goung déi zweet Halleffinall tëscht der Barbora Krejčíková an der Jelena Rybakina. D’Spillerin aus dem Kasachstan konnt nach den éischte Saz mat 6:3 gewannen, huet sech dono awer mat 3:6 a 4:6 misste geschloe ginn, esou datt d’Tschechin Krejčíková sech fir d’Finall qualifizéiere konnt.
Et ass déi éischte Kéier, datt déi zwou Spillerinnen bei den All England Championships esou wäit kommen, den RTL-Tennis-Expert Gilles Kremer:
“Op där enger Säit iwwerraschend, op där anerer Säit awer och erëm net, well eeben bei den Dammen a leschter Zäit ass et schwéier sech festzeleeën, wien d’ Favoritinnen am Endeffekt sinn. Jo, een Krejcikova, wat och scho Roland Garros gewonnen huet, dat heescht awer och schonn Erfarung huet am Gewanne vu sou engem groussen Titel, an da géint d’ Italienerin, déi jo am Moment op där Well ass vum italieeneschen Tennis, dee ganz staark ass momentan, jo och schonn d’Finall zu Roland Garros gespillt huet, géint d’ Swiatek, an hei och iwwerraschenderweis op Gras direkt hannen drun, konnt seng Resultater confirméieren.”
D’Finall tëscht der 28 Joer aler Tschechin an der 28 Joer aler Italienerin ass um Samschdeg am Mëtteg um 15 Auer a op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an online op rtl.lu mat Lëtzebuerger Commentaire iwwerdroen.
Um Freideg elo sinn d’Halleffinallen bei den Hären. Um 14.30 Auer spillt fir d’éischt den Titelverdeedeger Carlos Alcaraz aus Spuenien géint den Russ Daniil Medvedev. Duerno ass et dann um Rekord-Grand Slam-Gewënner Novak Djokovic géint den 22 Joer jonken Italiener Musetti. Déi Matcher sinn op rtl.lu ze gesinn. D’Finalle Sonndeg ass dann och nees op der Tëlee um RTL Zwee.