
Dës Woch huet d’FLF-Formatioun zweemol héich an den Testmatcher géint Tahiti gewonnen.
Iwwert dës zwou Partien huet de Rich Simon mam Nationaltrainer geschwat an awer och iwwer seng Motivatioun fir aus dem Hären- an den Dammeberäich am Futtball ze wiesselen. Ausserdeem hu si och nach driwwer diskutéiert, wéi een den Dammefuttball bei eis am Land weider no vir bréngt.
Kuckt den Documentaire “D’Léiwinnen” op RTL Play. RTL huet d’Futtball-Dammennationalekipp déi lescht Méint begleet a bitt Iech en exklusive Bléck hannert d’Kulissen.
RTL-Artikel: Dammefuttballnationalekipp: Lëtzebuerg iwwerrennt Tahiti mat 11:0
RTL-Artikel: Dammefuttballnationalekipp: Rout Léiwinne wannen de Frëndschaftsmatch géint Tahiti mat 5:0