Rout Léiwinne wannen de Frëndschaftsmatch géint Tahiti mat 5:0
No 20 equilibréierte Minutten hunn d'Spillerinne vum Dan Santos de Match an d'Hand geholl an sech kloer géint Tahiti duerchgesat.
Am fréien Owend huet zu Mamer déi Lëtzebuerger Dammefuttballnationalekipp den éischten vun hiren zwee Frëndschaftsmatcher géint Tahiti ganz verdéngt mat 5:0 gewonnen. Ufank Abrëll spillen d'Rout Léiwinnen nees an der WM-Qualifikatioun. D'Rendezvouse géint Tahiti gëllen deemno als Preparatioun.
Déi éischt 20 Minutten waren op engem déiwen Terrain zu Mamer zimmlech equilibréiert. De phaseweis staarke Reen huet d'Situatioun natierlech net méi einfach gemaach.
An der 21. Minutt allerdéngs huet d'Marta Estevez no enger Fräistouss d'Golkeeperinn aus Tahiti seriö gepréift.
4 Minutten drop huet d'Marta Estevez vun der Entente Wuermer et nees op Fräistouss hi probéiert. Dës Kéier war Pech am Spill, well de Ball goung widder d'Lat. D'Spillerinnen vum Nationaltrainer Dan Santos hunn de Match komplett an d'Hand geholl obwuel d'Nationalekipp vun Tahiti am FIFA Ranking 14 Plazen besser klasséiert ass. Um Enn vun der éischter Halbzeit war d'Lokalselektioun endlech och méi realistesch. An de Minutten 40 an 42 hunn d'Marta Estevez an d'Laura Miller marquéiert géint e schwaache Géigner. Lëtzebuerg war verdéngt 2:0 vir an der Paus virun 137 Spectateuren.
Scho 5 Minutte nom Säitewiessel hat et bal nees am Gol vun de Spillerinnen vun Tahiti gerabbelt. D'Gabriela Crespo huet no enger gelongener Aktioun de Ball widder de Potto geschoss. Den 3. Gol ass an der 63. Minutt gefall. D'Julie Marques huet markéiert. Dat war d'Entscheedung. No engem Solo vu ronn 40 Meter vum Mariana Lourenco ass an der 75. Minutt de 4:0 gefall. D'Amy Thomson huet de 5. Gol markéiert an dat 7 Minutte viru Schluss. Trotz ville Spillerinnen, déi gefeelt hunn, hunn d'Rout Léiwinne bei ganz schwierege Konditiounen iwwerzeegt.
De Retourmatch ass e Samschdeg Owend zu Molsheim a Frankräich.