DammefuttballnationalekippLëtzebuerg iwwerrennt Tahiti mat 11:0

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun engem Stage a Frankräich hunn d'Rout Léiwinnen um Samschdeg Owend eng zweete Kéier géint Tahiti gespillt.
© Serge Olmo (Archiv)

Den éischte Match hat d’Ekipp vum Dan Santos souverän mat 5:0 gewonnen. Um Samschdeg Owend sollt d’Resultat dann nach emol méi kloer ausfalen. Zu Molsheim a Frankräich gouf et deemno eng 11:0-Victoire.

Trotz enger geännerter Startformatioun huet Lëtzebuerg vun Ufank u mat Drock no vir gespillt. Nodeems d’Julie Marques eng grouss Chance net genotzt huet, war et d’Joana Lourenco, dat no 14 Minutten den éischte Gol markéiert huet. D’Rout Léiwinne hu kuerz virun der Paus nach eng Kéier den Tempo erhéicht. Innerhalb vu 7 Minutte hu si net manner wéi 4 Goler markéiert.

No der Paus huet Lëtzebuerg weidergemaach a weiderhin ee Gol nom anere geschoss. Tëschent der 46. an der 70. Minutt sinn nach emol 5 Goler gefall, soudass et zu dem Zäitpunkt 10:0 stoung. D’Joana Lourenco huet dobäi 5 Mol an de Filet getraff. D’Julie Marques huet zweemol markéiert, d’Amy Thompson an d’Kimberley Dos Santos eemol.

Den Deckel op d’Partie huet Garbiela De Lemos mam 11:0 an der 77. Minutt gemaach. Tahiti wollt bis zum Schluss nach en Éiregol markéieren, Lëtzebuerg huet dat awer net méi zougelooss. Tahiti ass am Fifa-Ranking 14 Plaze besser klasséiert. Mat de Resultater aus den zwee Testmatcher kann den Dan Santos also duerchaus zefridde sinn.

Back to Top
CIM LOGO