TennisDe Gilles Muller iwwer d'Finall zu Wimbledon tëschent Djokovic an Alcaraz

Franky Hippert
Et war de Remake vun der extrem spannender Final vum leschte Joer, déi iwwer 5 Sätz gaange war, an déi den 21 Joer alen Alcaraz gewonnen hat.
© AFP/HENRY NICHOLLS

De Gilles Muller iwwer d’Wimbledon-Finall / Reportage: Franky Hippert

De Carlos Alcaraz war vun Ufank un de Kinnek um Center Court vu Wimbledon. Den hellege Wues huet dem Titelverdeedeger gehéiert, virun allem awer well de Rekord-Grand-Slam-Gewënner Novak Djokovic net säi beschten Dag erwëscht hat. Dozou de fréieren Tennisprofi Gilles Muller:

“Jo, den Alcaraz huet natierlech e ganz gudde Match gemaach. Ech mengen, déi Leeschtung däerf een och net kleng schwätzen, mee ech menge schonn, dass den Djokovic net bei 100 Prozent war. Also, et huet ee gesinn a senge Beweegungen, en ass net ganz ronn gelaf. Och einfach seng Attitüd um Terrain, et war e bësse ‘mu’, wéi mer dat heiansdo soen, d’Energie huet em e bësse gefeelt. Mee nach eng Kéier, den Alcaraz huet eng super Leeschtung bruecht. Déi zwee éischt Sätz huet e quasi keng Feeler gemaach, en huet den Djokovic permanent ënner Drock gesat. Et huet ee gesinn, wou en dann do seng kleng Schwächephas hat, am drëtte Saz, war den Djokovic och direkt do. Mee am grousse Ganze war den Alcaraz einfach ze gutt.”

6-2, 6-2 hat de Spuenier déi zwee éischt Sätz gewonnen. Am drëtte Saz goufen et awer och méi krokelech Situatioune fir den Alcaraz an do war et impressionant ze gesinn, wéi deen 21 Joer ale Spuenier, deen elo scho véier Grand-Slam-Titelen a sengem Palmarès stoen huet, d’Rou behalen huet a weider säin Tennis duerchgezunn huet, fënnt och déi fréier Nummer 21 an der Tennisweltranglëscht:

“Wéi en d’Iwwersiicht behält a wichtege Momenter, dat ass schonn impressionant. Ech mengen, dat ass einfach dat richtegt Wuert. Wéi ech gesot hunn, Tennis-méisseg ass en och op engem anere Level. En ass einfach immens komplett par-rapport zu deenen anere Spiller vu senger Generatioun. Souguer de Jannik Sinner, dee jo den Ufank vum Joer dominéiert huet, deen och super Tennis gespillt huet, deen awer a mengen Aen net esou vill Schléi drop huet wéi den Alcaraz. Ech mengen den Alcaraz, dee beherrscht quasi alles. En huet e gudden Opschlag, super Grondlinneschléi, immens gudden Touché, dat ee gesäit, wann en e Stoppball spillt, huet eng gutt Volet. Dat ass schonn immens villfälteg.”

Déi Fro, déi sech vill Leit nom Optrëtt vum Novak Djokovic an der Final vu Wimbledon gestallt hunn, ass: war et dat elo fir de 24-fache Grand-Slam-Gewënner?

“Bon, dat ass eng schwéier Fro. Mee ganz éierlech gesot: ech mengen déi Froen do, déi hu mer eis scho gestallt virun 10 Joer beim Nadal, virun 12 Joer beim Federer a si sinn awer nach eng Kéier zréckkomm, si sinn awer nach eng Kéier bis un d’Spëtzt komm. Ech mengen, et huet een einfach dorausser geléiert, also ech op alle Fall mol. An ech mengen, dass soulaang en Djokovic seet, dass en nach wëll spillen, soulaang en Djokovic op den Terrain kënnt, dann denken ech schonn, dass et och ass, fir da wäit ze kommen a fir ze gewannen. Ech mengen, ee Spiller wéi den Djokovic, dee wäert net matspillen, just fir matzespillen. Ech mengen, deem geet et ëm Titelen. Wann en op den Terrain kënnt, dann ass en och capabel, fir wäit ze kommen. Dat ass meng Meenung an en plus ass et een, dee vun der Hygiène de vie wierklech mega Efforte mécht, dat heescht, dat ass och eppes, wat sech bezuelt mécht, och an engem héijen Alter nach.”

Dem Carlos Alcaraz gehéiert sécherlech d’Zukunft, wann déi fréier Nummer 1 an aktuell Nummer 3 am ATP-Ranking vu gréissere Blessure verschount bleift. Beim Novak Djokovic ass schwiereg virauszesoen, ob de 37 Joer ale Serb et nach packt, fir de 25. Grand-Slam-Titel a senger Karriär ze gewannen.

3 vu 4 Grand Slam’e si bis elo dëst Joer gespillt. Deen nächste fänkt Enn August zu New York mat den US Open un. Titelverdeedeger do ass den Novak Djokovic.

Back to Top
CIM LOGO