Union BerlinDe Kroat Nenad Bjelica gëtt neien Trainer beim Bundesligist

RTL Lëtzebuerg
De Bjelica war bis Mëtt Oktober Trainer beim tierkeschen Éischtligist Trabzonspor.

Mat Dinamo Zagreb an Austria Wien huet en och schonn Champions League Erfarung gesammelt. En huet laang an Éisträich geschafft an huet an Däitschland fir den 1. FC Kaiserslautern gespillt, dat vun 2000 bis 2004.

Seng Aufgab als Trainer vun Union Berlin gëtt keng einfach. Mat just 7 Punkten aus 12 Matcher steet een op der zweetleschter Plaz an der Bundesliga-Tabell. Den nächste Géigner ass dann de kommende Samschdeg keen anere wéi Bayern München. An der Champions League ass et e Mëttwoch schonn den Auswäertsmatch géint Sporting Braga.

E Samschdeg hat Berlin nach mam Interimstrainer Marco Grote 1:1 géint Augsburg gespillt. Um Sonndeg da gouf de Bjelica als Nofollger vum Urs Fischer virgestallt, deen de 15. November seng Saachen hat musse paken, nodeems ee bis dohi keen eenzege Match an der Bundesliga-Saison 23/24 gewonne konnt.

Als Nofollger vum Fischer war och de fréiere spuenesche Futtballstar Raul am Gespréich. Elo ass et awer de Kroat, deen de Veräin nees op d’Erfollegsspur brénge soll.

Back to Top
CIM LOGO