
Lass geet et um 12 Auer e Samschdeg, Da wäerten de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse bei der Erëffnung vum India House sinn.
Duerno steet dann d’Visitt vun enger Rei sportleche Kompetitiounen um Programm. Wärend de Groussherzog an d’Groussherzogin um 14 Auer beim Beachvolleyball-Match tëscht den USA a Kuba sinn, wäert de Prënz Sebastian vu 14.30 Auer un bei der Competitioun am Rugby vun den Hären am Public sëtzen.
Um 17 Auer steet dann d’Erëffnungszeremonie vum Lëtzebuerger Haus op der Agenda.
Vun 20.45 Auer owes u sinn den Ierfgroussherzog an d’Ierfgroussherzogin da bei de Kompetitiounen am Dëschtennis, bei deenen och déi dräi Lëtzebuerger Athlete Sarah de Nutte, Ni Xia Lian a Luka Mladenovic untrieden.
E Sonndeg besicht déi groussherzoglech Famill dann ënner anerem dat Olympescht Duerf, wou si vum President vum COSL, dem André Hoffmann an dem Chef de mission vum Team Lëtzebuerg, dem Ramond Conzemius empfaange ginn.