
11 Joer laang huet hie fir Manchester City gespillt. Dës Saison ass et dem Club gelongen d'Championnat, de League Cup an den FA-Cup ze gewannen. Säi Kontrakt bei City leeft Enn Juni aus an dee gëtt net verlängert. Hien huet an 360 Matcher fir Manchester City 20 Goler geschoss an ass 4 mol Champion mat hinne ginn.
Wéi d'Zukunft vum 33 Joer ale Belsch ausgesäit, war an enger éischter Phas net gewosst. E Sonndeg um 12 Auer huet hien dunn awer via Facebook matgedeelt, dass hien zeréck bei säin ale Veräin RSC Anderlecht geet, dëst als Spiller-Trainer.