BGL LigueDéifferdeng bleift no 1:1 zu Hesper Tabelleleader

RTL Lëtzebuerg
Och fir de Progrès Nidderkuer ass et géint Monnerech nëmmen e Remis ginn. Käerjeng an de Racing séchere sech iwwerdeems dräi wichteg Punkten.
Déi bescht Zeene vum Match Hesper géint Déifferdeng
Déifferdeng bleift duerch de Remis zu Hesper weider Tabelleleader.

E Sonndeg stoung am nationale Futtballchampionnat den 11. Spilldag um Programm. D’Partie tëscht Miersch an der Jeunesse Esch gouf op Grond vun engem onspillbaren Terrain ofgesot.

Resumé BGL Ligue / Reportage Gilles Tricca

Mat engem 1:1 géint Hesper huet Déifferdeng d’Tabelleféierung am Spëtzematch verdeedegt. Mat der éischter Chance vum Match war dem Swift schonn no fënnef Minutten am Numm vum Ferrara de Gol zur Féierung gelongen. An engem ausgeglachene Match, dee sech virun allem am Mëttelfeld ofgespillt huet, hunn déi Déifferdenger net konsequent de Wee virun de géigneresche Gol fonnt. Bescht Chance op den Ausgläich gouf et an der 35. Minutt duerch Jorginho, deen de Ball ganz knapp laanscht de Gol gekäppt huet. Och nom Säitewiessel hunn ufanks déi grouss Golchancen an engem éischter schwaachen Openeentreffe gefeelt. Mat der Zäit huet de Match dann ëmmer méi u Qualitéit gewonnen. Engagéiert Déifferdenger krute sech duerch e Gol vum Lamas fir hir Beméiunge belount a bleiwen duerch de Remis weider un der Tabellespëtzt.

Fir de Progrès Nidderkuer gouf et an der Partie géint Monnerech nëmmen een 1:1 Remis. Trotz méi Spillundeeler vun der Nidderkuerer Lokalekipp war et no 16 Minutten den El Amraoui, deen d’Gäscht a Féierung brénge konnt. Och nom 1:0 war et weider gréisstendeels d’Ekipp vun Nidderkuer, déi de Wee no vir gesicht huet, wärend Monnerech ëmmer nees op Konterméiglechkeete gewaart huet. D’Beméiunge vum Progrès sollten dann och belount ginn a sou huet de Jarmouni mat sengem Gol fir den 1:1 zur Paus gesuergt. Am zweeten Duerchgang war et als éischt d’Ekipp vu Monnerech, déi sech elo méi getraut huet, méi spéit war dann och Nidderkuer op der Sich nom nächste Gol. Dee sollt bis zum Schluss awer op kenger Säit méi falen a sou deele sech béid Ekippen d’Punkten.

Eng wichteg Victoire ass et da fir de Racing ginn, dee sech mat 3:1 géint Wolz behaapt huet. No enger gudder éischter Hallschent mat engem Gol vum Muratovic, huet de Racing nom Säitewiessel nach eemol eng Schëpp dropgeluecht. En direkte Fräistouss an en Eelefmeter hunn den Dräierpack vum Muratovic komplettéiert an de Match domat sou gutt wéi entscheet. De Gol zum 1:3 fir Wolz sollt um Enn näischt méi bewierken.

Den F91 Diddeleng huet géint den FC Schëffleng näischt ubrenne gelooss an d’Partie mat 3:0 fir sech entscheet. No enger ausgeglachener Ufanksphas mat Chancen op béide Säiten, huet sech déi Diddelenger Dominanz ëmmer méi erausgehuewen. Duerch de van Lingen ass sou och d’Féierung virun der Paus nach gelongen. An der zweeter Hallschent huet den F91 da mat zwee séiere Goler erhéicht an de Wee fir déi dräi Punkte geluecht, déi bis zum Schluss vun de Schëfflenger net méi konnten aus der Hand gerappt ginn.

Fir d’Schlussliicht Fola gouf et da virun den eegene Spectateure en 1:1 géint Stroossen. No enger éischter schwaacher Hallschent ouni Goler ass de Gaascht mat méi Schwong aus der Paus komm, deen allerdéngs zimmlech séier rëm ofgeflaacht ass. Och vun der Fola ass offensiv ze mann komm. No enger gudder Stonn huet den Arbitter dann op de Punkt gewisen. De Shala huet Nerve bewisen an op 1:0 gestallt. D’Ekipp vum Gaalgebierg krut sech kuerz viru Schluss awer nach eemol zréckgekämpft a sammelt mam Ausgläich de véierte Punkt vun der Saison.

An den zwou weidere Partië vum Mëtteg huet sech Péiteng mat 4:1 géint Munneref duerchgesat an och fir Käerjeng sinn et mat enger 4:1-Victoire zu Rouspert dräi wichteg Punkte ginn.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Wolz - Racing 1:3
0:1 Muratovic (14'), 0:2 Muratovic (56'), 0:3 Muratovic (56'), 1:3 Romeyns (69')

Schëffleng - Diddeleng 0:3
0:1 Van Lingen (44'), 0:2 Hadji (47'), 0:3 Moussaki (53')

Nidderkuer - Monnerech 1:1
0:1 El Amraoui (16'), 1:1 Jarmouni (45')

Fola - Stroossen 1:1
0:1 Shala (65'), 1:1 Ekeberg (87')

Rouspert - Käerjeng 1:4
0:1 Fostier (9'), 0:2 Fostier (29'), 1:2 Bouché (37'), 1:3 Baldé (52'), 1:4 Baldé (90+4')

Péiteng - Munneref 4:1
1:0 Fuss (12'), 2:0 Abreu (33'), 2:1 Abdelkadous (52'), 3:1 Fuss (63'), 4:1 Fuss (71')

Hesper - Déifferdeng 1:1
1:0 Ferrara (5'), 1:1 Lamas (77')

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO