
Nodeems Déifferdeng den 1. Match héich mat 9:2 géint Shkupi gewonnen hat, stoung um Donneschdeg den 2. Match vun der Qualifikatioun fir d’Eliteronn géint de Gruppefavorit Chrudim aus Tschechien um Programm. An do gouf et eng batter 1:2-Defaite.
An der éischter Hallschent war et eng ausgeglache Partie, wou d’Lëtzebuerger um Enn méi Schëss op de Gol haten. Trotzdeem louch d’Ekipp vum Bruno Amaral zréck, well den Everton de Géigner an der 14. Minutt mat 1:0 a Féierung geschoss hat. Kuerz virun der Paus huet de Golkipp vu Chrudim nach en Eelefmeter vum Danny paréiert.
No der Paus hunn d’Tschechen duerch den Drozd erhéicht. Déifferdeng huet sech awer net opginn a konnt kuerz drop duerch den Oliveira Garrido op 1:2 verkierzen. Trotz ville gudde Geleeënheete sollt um Enn den Ausgläich net méi falen. An der leschter Sekonn vum Match ass den Danny eleng virum Gol nees um Golkipp hänke bliwwen. Et war de 14. Schoss op de Gol, woubäi Chrudim der just 5 hat.
An der Tabell läit Déifferdeng ee Punkt hannert den Tschechen. Well Chrudim de leschte Match géint Shkupi spillt an nëmmen de Gruppenéischte sech fir d’Eliteronn am November qualifizéiert, huet Déifferdeng just nach eng kleng Chance fir sech fir de nächsten Tour ze qualifizéieren.