
E Mëttwoch den Owend konnt sech d’Ekipp aus dem Lëtzebuerger Minett mat enger zolitter Leeschtung géint Shkupi aus Nordmazedonien duerchsetzen. Um Enn konnten déi Déifferdenger hiren Optaktmatch mat 9:2 fir sech entscheeden.
Mat der 9:2-Victoire konnt den FC Déifferdeng 03 domat den éischte wichtege Schrëtt a Richtung Eliteronn maachen. Am Match géint d’Nordmazedone konnten iwwerdeems de Rejala (7'), den Danny (5' & 8'), de Gassmann (12'), de Martinez (1', 6' & 15'), de Mareco (22') an de Gomes Unjanque (27') d’Goler fir hir Faarwe markéieren. Bei Shkupi huet de Leveski (9' & 25') getraff.
Den Ament steet den FC Déifferdeng 03 op der éischter Plaz an der Tabell. Dëst well Chrudim a Lucenec sech d’Punkten no hirem Match bei engem 2:2 gedeelt hunn. Fir déi Déifferdenger geet et en Donneschdeg um 17 Auer direkt weider. Do treffe si dann op Chrudim aus Tschechien, déi als Gruppefavorit an dës Qualifikatioun gestart sinn. Den 29. Oktober spillen d’Jongen aus dem Minett dann hire leschte Match géint Lucenec aus der Slowakei, dëst och um 17 Auer.
Nëmmen deen Éischten aus dem Grupp ka sech fir d’Eliteronn am November qualifizéieren.