Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDem Dirk Carlson seng Ekipp KSC verléiert géint den HSV

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg den Owend wënnt den HSV an der 2. Bundesliga fir de Kont vum 13. Spilldag géint de KSC mat 2:1.

Den Dirk Carlson war an der 79. Minutt agewiesselt ginn.

Sonndeg

An der éischter Belscher Divisioun stoung de Laurent Jans fir de Standard Léck 90 Minutten um Terrain. Allerdéngs verléiert dem Nationalspiller seng Ekipp doheem mat 0:1 géint Royal Excel Mouscron. Léck steet an der Tabell momentan op der 9. Plaz mat 25 Punkten.

Och den Danel Sinani stoung an der Belsch mat Waasland-Beveren um Terrain mee huet sech missen mat 0:3 géint Royal Antwerp geschloe ginn. De Nationalspiller stoung de ganze Match iwwer um Terrain.

An der éischter Liga a Portugal koum den Tim Hall bei Gil Vicente an den Asaz. De Lëtzebuerger gouf an der 46. Minutt agewiesselt mee konnt net d'0:2-Néierlag géint Benfica Lissabon verhënneren. An der Tabell steet Gil Vicente op der 14. Plaz.

Eng 2:1-Victoire huet den Anthony Moris an der zweeter Belscher Divisioun mat Royal Union St Gilloise géint Westerlo gefeiert. De Lëtzebuerger Nationalgolkipper stoung déi 90 Minutten am Gol. St Gilloise steet an der Tabell op der éischter Plaz an huet e Virsprong vun 10 Punkten op den zweeten Seraing déi allerdéngs nach um Sonndeg Owend spillen.

An der zweeter Portugisescher Liga huet sech de Marvin Martins mat Casa Pia mat 1:1 géint Academica Coimbra getrennt. De Lëtzebuerger gouf an der 79. Minutt ausgewiesselt. An der Tabell steet Casa Pia op der 8. Plaz.

Samschdeg

An der Schwäiz haten d’Young Boys Bern Lugano op Besuch. No enger serréierter Partie trennen sech béid Ekippe mat 2:2. De Christopher Martins ass an der 67. Minutt an de Match komm. Bern bleift domat op der 1. Plaz an der Super League an der Schwäiz.

De Mica Pinto huet um Samschdeg den Owend an der hollännescher Eredivise mat Sparta Rotterdam 2:3 géint Groningen de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger Nationalspiller ass 5 Minutten no senger gieler Kaart an der 76. Minutt ausgewiesselt ginn. Zu dësem Zäitpunkt louch Rotterdam nach mat 1:3 a Réckstand. Fir den Ausgläich sollt et awer net méi duergoen.

An der Futtball-Bundesliga huet Mainz mat 0:1 géint Bremen verluer. De Leandro Barreiro ass an der 69. Minutt fir de Kunde agewiesselt ginn. Nëmme 4 Minutten drop’s krut de Barreiro no engem taktesche Foul déi giel Kaart gewisen. Den Iwwerbléck vum 13. Spilldag an der däitscher Bundesliga fannt Dir hei.

Eng geckeg 1. Hallschent gouf et zu Saarbrécken. No 27. Minutte louch Ingolstadt mat 3:2 a Féierung. Bei dësem Spektakel an der 3. Liga an Däitschland huet de Maurice Deville awer net matgemaach. De Lëtzebuerger feelt aktuell wéinst enger Verletzung de Saarlänner. No engem Gol vum Shipnoski an der 73. Minutt zum 3:3-Ausgläich konnt Saarbrécken sech awer nach e Punkt sécheren.

Kaiserslautern huet dogéint am Trainer Jeff Saibene eng ganz wichteg Victoire géint Uerdingen konnte feieren. An der Paus louchen déi rout Däiwele mat 2:0 a Féierung. Dëse Virsprong sollte si dann och iwwert Zäit bréngen.

A Griicheland ass de Vahid Salimovic bei der 0:3 Néierlag vu Kreta géint Aris net zum Asaz komm.

Freideg

Um Freideg den Owend huet de Sebastien Thill mat Tambow 1:1-Gläich géint Ural gespillt. Nodeems Tambov no 29 Minutte mat 0:1 a Réckstand louch huet den Onugkha kuerz virun der Paus den Ausgläich markéiert. De Sebastien Thill ass an der 64. Minutt op den Terrain komm. Tambow bleift mat dësem Gläichspill op der leschter Plaz an der russescher Premier-Liga stoen.

Back to Top
CIM LOGO