Iwwerdeems ka Schalke och mam Huub Stevens net gewannen a verléiert géint Bielefeld, Hoffenheim gewënnt zu Gladbach an Leipzig patzt géint Köln.

Um 13. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga ka sech Hoffenheim no Réckstand nach mat 2:1 duerchsetzen. Köln kroopt sech 1 Punkt zu Leipzig a Bremen klappt Mainz. Frankfurt ka sech géint Augsburg behaapten a Schalke verléiert mat 0:1 géint Bielefeld. Och an deenen aneren europäesche Lige gouf gespillt. Den Iwwerbléck fannt Dir hei.

13. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Bayer Leverkusen - Bayern München 1:2
1:0 Schick (14'), 1:1 Lewandowski (43'), 1:2 Lewandowski (90+3')

Am Topmatch vum 13. Spilldag war Bayern München beim Tabelle Leader Leverkusen op Besuch. Leverkusen war déi besser Ekipp an huet sech duerch eEN herrleche Gol vum Schick an der 14. Minutt fir déi bis dohi ganz gutt Leeschtung belount. Den Neuer am Gol hat béi dësem Schoss keng Chance. Kuerz virun der Paus war d'Lokalekipp an der Defense awer net op zack, an esou huet de frësch gebakene Weltfussballer Lewandowski no Flank vum Müller e Mëssverständnes vum Tah a Hradecky ausgenotzt an den Ausgläich virun der Paus markéiert.

Béid Ekippen hu sech och nom Téi net vill geschenkt an et ass weider intensiv zur Saach gaangen. An der 66. Minutt huet de Hradecky dem Gnabry säi Schoss mat engem super Reflex konnten ofwieren. Den aktuelle Champion ass ëmmer besser an de Match komm an hat Pech, wou den agewiesselte Musiala an der 79. Minutt just de Potto getraff huet. Leverkusen huet nach emol dogéint gehalen, e Gol sollt der Werkself awer net méi geléngen, am Géigendeel. Kuerz viru Schluss huet de Lewandowski äiskal zougeschloen an esou gewënnt Bayern mat 2:1 an ass neien 1. an der Tabell.

Borussia Mönchengladbach - TSG Hoffenheim 1:2
1:0 Stindl (34'), 1:1 Kramaric (75'), 1:2 Sessegnon (86')

Déi éischt Hallefstonn war eng ausgeglachen, an där béid Ekippe sech net verstoppt hunn. An der 33. Minutt hat den Embolo déi ganz grouss Chance, d'Féierung ze schéissen, mä dem Stiermer hu virum Gol d'Nerve verlooss an esou huet hien de Bal laanscht de Gol geschoss. Kuerz drop gouf den Thuram am Strofraum gefoult an de fällegen Eelefmeter huet de Stindl äiskal an de Filet geschrauft. Eng Minutt méi spéit hat de Kramaric d'Chance op den Ausgläich, mä méi wéi de Potto sollt de Kroat net treffen.

Nom Téi hate Grillitsch a Baumgartner gutt Chancë fir d'Gäscht, sinn awer um Sommer am Gladbacher Gol hänke bliwwen. De Kramaric huet an der 75. Minutt no Viraarbecht vum Dabbur a Bebou dunn de verdéngten Ausgläich fir TSG markéiert. Kuerz drop ass et hektesch am Borussia Park ginn. Den Thuram huet no enger Ausernanersetzung dem Posch an d'Gesiicht gespaut a krut no der Kontroll vum VAR mat Recht déi Rout Kaart gewisen. Eng ganz gravéierend Aktioun vum Thuram. An Ënnerzuel huet Hoffenheim de Wee no vir gesicht a sech an der 86. Minutt mam Gol vum Sessegnon belount. Hoffenheim gewënnt no enger hektescher Schlussphas mat 2:1 zu Gladbach.

RB Leipzig - 1.FC Köln 0:0

De grousse Favorit aus Leipzig huet mam Haidara a Sabitzer direkt vun Ufank un op d'Gaspedall gedréckt. Köln stoung virun allem hannendran an huet sech op d'Verdeedegung konzentréiert. Bannen 2 Minutten hat den Angelino dunn an der 33. a 35. Minutt 2 ganz gutt Chancen, mä de Spuenier sollt Gléck net op senger Säit hunn, sou dass et mat engem 0:0 an d'Kabinne gaangen ass.

Een änlecht Bild hunn d'Spectateuren doheem virun der Tëlee och an der 2. Hallschent gesinn. D'Gäscht stounge kompakt an hunn duerch vereenzelt Konterméiglechkeete fir Entlaaschtung gesuergt. Leipzig hat wuel duerch de Mukiele an der 66. an duerch den Olmo an der 70. Minutt Chancen, mä richteg konsequent goufen d'Offensivaktiounen net ausgespillt. Köln hätt souguer nach fir déi ganz grouss Iwwerraschung kéinte suergen, den Thielmann säi Schoss sollt awer knapps laanscht de Gol goen, sou dass et beim 0:0 bliwwen ass.

Schalke 04 - Arminia Bielefeld 0:1
0:1 Klos (53')

Am 1. Match no der Entloossung vum Manuel Baum huet Schalke virun allem versicht, dass an der Verdeedegung d'Null steet. Bielefeld war déi e bësse méi aktiv Ekipp an den Ufanksminutten. No enger knapper Véierelsstonn huet de Mascarell no enger Verletzung dunn och nach missen ausgewiesselt ginn. Bielefeld huet alles an allem e besseren Androck hannerlooss an hat quasi mam Pausenpfeff duerch de Cordova déi beschte Chance am Match, säi Schoss sollt awer just un de Potto goen. 

Obwuel Schalke besser aus der Kabinn komm ass, waren et d'Gäscht, déi an der 53. Minutt a Féierung gaangen sinn. No Flank vum Medina huet de Klos de Ball an de rietsen Eck gekäppt. Schalke war wuel beméit, mä gelongen Aktioune sinn de Knappen an der Suite net gelongen. Domat bleiwen déi Kinneksblo och am 29. Match um Stéck ouni Victoire. 

FC Augsburg - Eintracht Frankfurt 0:2
0:1 Framberger, Selbstgol (53'), 0:2 Ilsanker (87')

Mainz 05 - Werder Bremen 0:1
0:1 Dinkci (90')

De Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro ass an der 69. Minutt fir de Kunde agewiesselt ginn. Nëmme 4 Minutten drop krut de Barreiro no engem taktesche Foul déi Giel Kaart.

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.