Neie Responsabel bei RTL SportDen Tom Flammang gëtt Head of Sports

RTL Lëtzebuerg
Zënter dem 1. Mee ass den Tom Flammang neie Sportchef an ersetzt domadder de Lucien Linster, deen no 37 Joer seng wuelverdéngte Pensioun untrëtt.

Den Tom Flammang (41) leet vun elo un d’Sportsekippe vu Radio, Tëlee an den digitale Medie vun RTL. Nieft senge Missioune wéi dem Plangen an dem Koordinéiere vun de verschiddene Sportsemissiounen, Reportagen a Live-Iwwerdrounge wäert den Tom Flammang weiderhin als Sportjournalist an Tëlees-Presentateur aktiv sinn.

Dem Tom Flammang seng Carrière

1999 huet den Tom Flammang seng Carrière als Spëtzesportler an der Lëtzebuerger Arméi ugefaangen, ier hien am Joer 2000 bei d'Cofidis-Team gewiesselt ass. Als Profisportler gouf de Lëtzebuerger Cyclist mat e sëllechen Titelen ausgezeechent, dozou gehéieren ënnert anerem de Lëtzebuerger Champion an der Stroossecourse (1998) an de Lëtzebuerger Champion am Cyclocross (2004). Duerch dem Tom Flammang säin Knowhow am Vëlossport koum et 2008 zu enger éischter Kollaboratioun mat RTL Lëtzebuerg als Commentateur vun de grousse Vëloscourssen. Éier hien 2017 als Journalist vun der RTL-Sportredaktioun agestallt gouf, war den Tom Flammang vun 2014 u Sportdirekter vum Leopard Development Team.

Back to Top
CIM LOGO