Nodeems den F91 sech am éischten Tour géint eng andorranesch Ekipp duerchsetze konnt, ass et am zweeten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun géint BK Häcken aus Schweden gaangen. Géint dës huet den F91 sech no enger geckeger éischter Hallschent, an där ganzer sechs Goler gefall sinn, misse geschloe ginn. Um Enn verléiert den F91 Diddeleng mat 2:6 géint BK Häcken.
Den zweete Lëtzebuerger Vertrieder vum Donneschdegowend ass réischt am zweeten Tour an dës Conference-League-Kompetitioun gestart an och fir dësen ass et géint eng schweedesch Ekipp gaangen. Obschonns de Progrès en zolitte Match gemaach huet, mussen och si sech géint hire Géigner geschloe ginn. Nidderkuer verléiert auswäerts mat 0:3 géint Djurgården.
0:1 Inoussa (6'), 0:2 Layouni (21'), 1:2 Hadji (32', Eelefmeter) 1:3 Youssef (35'), 2:3 Hadji (44', Eelefmeter), 2:4 Layouni (45'+2), 2:5 Youssef (60'), 2:6 Hrstic (88')
D’Spectateure kruten an der Ufanksphas e couragéierten Optrëtt vun den Diddelenger ze gesinn, déi monter no vir gespillt a sech esou e puer Chancë kreéiert hunn. An der 5. Minutt haten d’Spectateuren de Ball scho bal am Gol vun Häcken gesinn. Dëst nodeems de Stumpf eng Flank an de Strofraum rabruecht, de Bojic de Ball mam Kapp verlängert an de Bah de Ball krut huet. Allerdéngs huet dëse mat sengem Schoss just d’Lat getraff, vun där de Ball nees zréck op den Terrain geflunn ass. Dëse Ball hu sech d’Schweden dunn erkämpft a sinn e Konter gelaf. Bei dësem spillt den Amane de Ball op den Inoussa, deen duerchgestart war a keng Problemer hat, de Ball am Gol vun Diddeleng ënnerzebréngen. Dëst war eng batter Pëll, well Diddeleng eigentlech gutt am Match war an och duerno, virun allem duerch de Bah, gutt Akzenter am Stuerm setze konnt. Allerdéngs huet den F91 sech an der Defense ze vill Feeler geleescht, soudatt och Häcken eng sëllegen Occasiounen hat. An der 21. Minutt huet esou eng Occasioun dunn de Wee an de Gol fonnt. Et war de Layouni, de vun engem Feeler vum Delorge profitéieren an op 2:0 setze konnt. An der 32. Minutt hunn déi Diddelenger dunn duerch en Eelefmeter vum Hadji, deen den Decker rausgeholl huet, op 1:2 verkierzt. Allerdéngs konnten d’Schwede schonn an der 35. Minutt nees den alen Ofstand hierstellen. Dëst no engem direkte Fräistoussgol vum Youssef. Mä domadder net genuch sollten nach zwee weider Goler an der éischter Hallschent falen: An der 44. Minutt kruten déi Diddelenger no engem Handspill een Eelefmeter accordéiert an nees war et den Hadji, dee Verantwortung iwwerholl huet, an de Ball zum 2:3 am Gol ënnerbrénge konnt. Mä de Schlusspunkt vun der éischter Hallschent sollt de Layouni an der Nospillzäit setzen, deen dovu profitéiert huet, datt d’Defense vum F91 de Ball net kläre konnt an esou de 4:2 geschoss huet. Mat dësem Score sollt et och op den Téi goen.
Nom Téi hu béid Formatiounen e bësse méi verhalen ugefaangen. Si hu wuel allebéid nach de Wee no vir gesicht, mä si waren dobäi net méi esou zwéngend, ewéi nach an der éischter Hallschent. Réischt an der 59. Minutt sollt et déi éischt gutt Occasioun an der zweeter Hallschent ginn. Den Delorge huet mat engem Pass déi géigneresch Defense ausgespillt an den Hadji an Zeen gesat. Dësen huet de Ball mat der Broscht matgeholl a probéiert, de Ball artistesch am Gol ënnerzebréngen. Allerdéngs ass säi Schoss nieft dem Gol ageschloen. Nëmmen eng Minutt drop sollten d’Schweden allerdéngs nees jubelen. Dëst nodeems de Youssef säin zweete Gol vum Dag markéiere konnt. Dobäi goufen d’Schweden och dës Kéier vum F91, deen einfach ze onstabil hanne stoung, invitéiert. Den F91 huet sech net opginn an huet weider no vir gespillt. Doduerch ass den F91 och nach zu Golchancë komm, mä weder den Hadji, nach den agewiesselte Schaus konnten dës am Gol ënnerbréngen. Ëmmer nees konnt den Abrahamsson am Gol vun Häcken d’Situatioun entschäerfen. Esou wéi beim fulminante Schoss vum Benkhedim an der 76. Minutt. Um Enn sollt duerch den agewiesselten Hrstic nach e weidere Gol an der 88. Minutt falen, soudatt de Match mat enger 2:6-Defaite fir den F91 op en Enn geet. Dobäi muss sech den F91 virgeheien, hannen ze vill zougelooss an de Géigner domadder zu hire Goler invitéiert ze hunn. Am Stuerm dogéint hunn déi Diddelenger gutt matgehalen an hate genuch Chancen, fir nach e puer Goler méi ze markéieren.
