WTA-Tournoi KockelscheierDirektesch Dan Maas bléckt positiv op d'Editioun 2019 zeréck

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass de WTA-Tennis-Tournoi op der Kockelscheier mat der Victoire vum Jelena Ostapenko op en Enn gaangen.
Direktesch Dan Maas bléckt positiv op d'Editioun 2019 zeréck
E Sonndeg ass de WTA-Tennis-Tournoi op der Kockelscheier mat der Victoire vum Jelena Ostapenko op en Enn gaangen.

No engem Joer Aarbecht, vill Organisatioun, net esou einfache Momenter, mat 2 Ofsoe vun 2 fréieren Nummer 1. an enger flotter Finall huet d'Dan Maas, Direktesch vun de Luxembourg Open, am Sport-Journal op der Tëlee e Sonndeg den Owend de Bilan vun der Editioun 2019 gezunn.

E Sonndeg hat sech d'Jelena Ostapenko no enger staarker Leeschtung an zwee Sätz mat 6:4 a 6:1 géint d'Gewënnerin vun zejoert Julia Görges duerchgesat.

D'Julia Görges huet der Direktesch vum Tournoi, Dan Maas, nach e Sonndeg den Owend matgedeelt, datt wa si d'nächst Joer nach eng Kéier op der Kockelscheier géing spillen, da géing si gäre mam Mandy Minella am Dubbel untrieden, fir der Lëtzebuergerin esou ee schéinen Ofschloss vun hirer Karriär ze erméiglechen. D'Lëtzebuergerin hänkt jo no der Saison   2020 d'Tennisrackett un den Nol.

Kuckt nach eng Kéier d'Spezialemissioun vum WTA-Tournoi op der Kockelscheier am Replay

Spezialemissioun vum WTA-Tournoi op der Kockelscheier
Tennnis-Stare vu ganz no an de Gilles Muller mat engem Bléck hannert d'Kulissen. Ënnert anerem dat erwaart iech an der 30 Minutte laanger Sendung.

Impressioune vun der Finall

Back to Top
CIM LOGO