BundesligaDortmund setzt sech zu Frankfurt duerch 

RTL Lëtzebuerg
Donieft gouf et eng kloer Victoire fir Wolfsburg géint Bochum a Bayern géint Mainz, wärend Stuttgart sech an der Nospillzäit géint Augsburg duerchsetzt.

Am Spëtzematch vum 12. Spilldag huet sech Borussia Dortmund zu Frankfurt no intensiven 90 Minutte mat 2:1 konnten duerchsetzen. Dortmund ass an der 21. Minutt duerch de Brand a Féierung gaangen. Nëmme 5 Minutte méi spéit huet de Kamada de Score ausgeglach. Virun allem Frankfurt ass mam Götze a Kolo Muani ëmmer nees geféierlech virum Gol vum Kobel opgetaucht. Kuerz virun der Paus hätt de Kolo Muani d’SGE a Féierung kéinte schéissen, säi Schoss ass awer un de Potto gaangen. Nom Säitewiessel huet de Bellingham aus dem Näischt den 2:1 fir déi Schwaarz-Giel konnte markéieren. Frankfurt huet weider gedréckt, mee et sollt un der néideger Prezisioun am Ofschloss feelen. Dortmund war méi effizient a gewënnt mat 2:1 zu Frankfurt a steet elo op der 3. Plaz an der Tabell.

Bayern München huet doheem géint Mainz näischt ubrenne gelooss an ass schonn no 5 Minutten duerch de Gnabry a Féierung gaangen, éier de Musiala no enger knapper hallwer Stonn op 2:0 gesat huet. Kuerz drop huet den Zentner am Mainzer Gol en Eelefmeter vum Sadio Mané gehalen, ma per Noschoss huet de Senegales op 3:0 erhéicht. Virun der Paus huet de Widmer awer nach no engem Corner zum 3:1 agekäppt. An der zweeter Hallschent hunn d’Bayern weider dominéiert an duerch de Goretzka an den Tel op 5:1 gesat, éier den Ingvartsen nees een Uschlossgol fir d’Mainzer schéisse konnt, bei deenen de Leandro Barreiro vun Ufank u gespillt huet. Den Choupo-Moting huet kuerz viru Schluss du fir de 6:2-Endstand vun enger animéierter Partie gesuergt.

An enger éischter Hallschent ouni vill Golchancen tëscht RB Leipzig a Bayer Leverkusen huet den Nkunku no 32 Minutten den 1:0 fir seng Faarwe markéiert. Leverkusen ass kaum geféierlech virun de Leipziger Gol koum, ma och bei RB huet an der Offensiv un Iddie gefeelt. An der 83. Minutt war et dunn den Timo Werner, dee fir de verdéngten 2:0 gesuergt huet an d’Partie decidéiert huet. Déi Leipziger sprangen domadder tëschenzäitlech op Plaz 5 vun der Tabell, fir Leverkusen leeft et dogéint och ënnert dem Xabi Alonso net ganz ronn an d’Werkself bleift op der Relegatiounsplaz.

Wolfsburg léisst Bochum keng Chance a gewënnt doheem souverän mat 4:0. No enger knapper hallwer Stonn hunn d’Wëllef a Persoun vum Felix Nmecha fir déi éischte Kéier zougeschloen, kuerz drop konnt de Baku nach erhéijen. Och am zweeten Duerchgang ass Wolfsburg déi besser Ekipp bliwwen an huet an der 58. Minutt duerch den Nmecha den Deckel dropgemaach. De Wind huet dunn 10 Minutte viru Schluss nach ee weidere Gol dropgesat. Wolfsburg setzt sech domat vum Tabellekeller of, wärend Bochum 17. bleift an e Sonndeg vu Schalke iwwerholl ka ginn.

Laang gesäit et dono aus, wéi wa Stuttgart an Augsburg sech d’Punkte géifen deelen. An der Nospillzäit ass et awer den Anton, dee mam 2:1 fir de Lucky Punch suerge kann a Stuttgart déi zweet Victoire vun der Saison séchert.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO