
A Schweden huet AIK Stockholm eng wichteg 2:1-Victoire zu Mjällby gefeiert. De Vincent Thill gouf an der 19. Minutt agewiesselt. De Stefanelli konnt an der 90. Minutt de wichtegen 2. Gol fir Stockholm markéieren. An der Tabell bleift AIK op der 4. Plaz. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller huet awer just 3 Punkte Réckstand op déi 3. Plaz.
Fir de Marvin Martins an Austria Wien gouf et och en 2:1-Erfolleg a leschter Sekonn géint Altach, d’Ekipp vum Miroslav Klose. An der Paus louche Martins a Co nach mat 1:0 hannen. An der 2. Hallschent huet de Fitz fir d’éischt ausgeglach an dono en Eelefmeter an der Nospillzäit erageschoss. De Lëtzebuerger Ofwierspiller stoung de ganze Match um Terrain.
Gladbach huet mam Yvandro Borges onglécklech mat 1:2 bei Union Berlin verluer. Wéi de Borges an der 85. Minutt agewiesselt gouf, stoung et nach 1:1, den Doekhi huet den entscheedende Gol fir Berlin an der 97. Minutt markéiert. Fir Gladbach war et déi 3. Defaite an de leschte 5 Matcher.
Bei der Partie Seraing géint d’Union Saint-Gilloise hunn déi 2 Lëtzebuerger Golkippen Anthony Moris an Timothy Martin géintenee gespillt. De Moris stoung bei der 2:1-Victoire vu Saint-Gilles zu Seraing de ganze Match um Terrain. De Martin souz 90 Minutten op der Bänk. An der Tabell steet de Moris mat senger Ekipp op der 4. Plaz, wärend Seraing op der zweetleschter Plaz läit.
An der Tierkei huet Eyüpspor 1:0 zu Erzurumspor gewonnen. Den Olivier Thill stoung weiderhi wéinst senger Blessur net am Kader.
An der Bundesliga gouf et fir Mainz mam Leandro Barreiro bei de Bayern näischt ze huelen. 2:6 huet ee sech an der Allianz Arena misse geschloe ginn, de Barreiro huet awer de ganze Match duerchgespillt. Mainz bleift domat op der 8. Tabelleplaz, kann awer nach op Plaz 10 zréckfalen.
De Mica Pinto geet mat Sparta Rotterdam 3:1 géint Fortuna Sittard gewannen. De Lëtzebuerger Defenseur ass an der 77. Minutt ausgewiesselt ginn.
An der 2. Bundesliga geléngt Hansa Rostock no véier Matcher ouni Succès eng wichteg Victoire zu Regensburg. Duerch zwee Goler vum Pröger an engem Selbstgol setzt d’Ekipp mam Sébastien Thill sech um Enn 3:0 duerch. De Lëtzebuerger Nationalspiller souz iwwer 90 Minutten op der Bänk.
Waldhof Mannheim konnt géint Dresden no zwou Néierlagen um Stéck nees e Succès feieren. 2:1 heescht et um Enn fir d’Ekipp vum Laurent Jans, deen de ganze Match iwwer um Terrain stoung. Mannheim spréngt duerch dës dräi Punkte laanscht Dresden a behält den Uschloss un d’Tabellespëtzt.
Norwich City hat an der zweeter Liga an England keng Problemer mat Stoke City an huet sech verdéngt mat 3:1 duerchgesat. Den Danel Sinani stoung bei Norwich, déi domat op déi 5. Plaz sprangen, net am Kader.
An der zweeter norwegescher Liga huet Kongsvinger mam Lars Gerson sech doheem misse mat 0:1 géint Fredrikstad geschloe ginn. De Lëtzebuerger huet déi 90 Minutten absolvéiert, ma och hie konnt de Selbstgol vum Holme net verhënneren. Trotz der Néierlag huet Kongsvinger sech als 6. fir d’Playoffs ëm den Opstig an déi éischt Divisioun qualifizéiert.