SEAT LeagueD'Spora gewënnt d'Finall bei den Hären an den Dammen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg waren d'Finalle vun den nationalen Interclub-Meeschterschaften. Zweemol housch d'Usetzung Spora géint Arqubusiers.
D'Partie Schéiss géint Stengefort
D’Partie Schéiss géint Stengefort
© FLT

No siwe Spilldeeg stoungen e Samschdeg d’Finalle vun der SEAT League, dem nationale Interclub-Championnat am Tennis, um Programm. Souwuel bei den Häre wéi bei den Damme stounge sech d’Spora an den TC Arqubusiers (d’Schéiss) géintiwwer.

Bei den Hären huet sech d’Spora mat 8:4 duerchgesat a bei den Dammen hat d’Spora mat 5:3 d’Iwwerhand géint d’Schéiss.

Domat konnt de Veräin aus der Stad seng béid Titelen aus dem leschte Joer erfollegräich verdeedegen.

D’Resultater vun den Hären am Iwwerbléck
D’Resultater vun den Dammen am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO