Däitsch MedienEintracht Frankfurt ass um Leandro Barreiro interesséiert

RTL Lëtzebuerg
De Kontrakt vum Lëtzebuerger, deem säi Wäert aktuell op 14 Milliounen Euro geschat gëtt, leeft um Enn vun der Saison aus.
© Photo by UWE ANSPACH / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Domadder ass de Leandro Barreiro den zweetwäervollste Spiller an der Bundesliga, dee bis ewell nach kee Kontrakt fir déi nächst Saison huet. Mat sengem aktuelle Veräin dem FSV Mainz 05 ass sech de Barreiro nach net eens iwwert eng Verlängerung ginn. Wéi d’Bild Zeitung awer mellt, géif de Mëttelfeldspiller um Wonschziedel vun Eintracht Frankfurt stoen.

Schonn an der leschter Transfertperiod hat d’SGE bei Mainz ugefrot, fir de Barreiro ze kafen, et war ee sech awer net iwwert e Präis eens ginn. Nieft Frankfurt soll am Summer och Gladbach bei Mainz nogefrot hunn. De Lëtzebuerger Profi hat d’Saison 2022/2023 seng bis ewell beschte Saison a konnt säi Maartwäert vun 8 Milliounen op 14 Milliounen eropschrauwen. Bis ewell war den 23 Joer ale Lëtzebuerger Nationalspiller bei 117 Bundesliga-Partien am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO