FutsalDéifferdeng wënnt d'Supercoupe géint den 1. FC Gruefwiss Leideleng

Max Bäcker
Dëse Sonndeg stoung am Lëtzebuerger Futsal d'Supercoupe um Programm.
© Screenshot

Am Centre Sportif John Scheuren zu Uewerkuer huet den FC Déifferdeng 03 e Sonndeg d'Supercoupe mat 9:4 géint den 1. FC Gruefwiss Leideleng gewonnen. Déifferdeng, de Champion, wollt sech den éischten Titel vun der Saison sécheren. Well ee bei Déifferdeng souwuel Champion gi war an d'Coupe gewonnen hat, huet ee géint deen zweete Finalist aus der Coupe, den 1. FC Gruefwiss Leideleng gespillt.

Déi Déifferdenger hunn dann och direkt an deenen éichte Minute gewisen, firwat een de Futsal iwwer déi leschte Joren dominéiert huet. No ronn 5 Minutte stoung et zu Uewerkuer schonn 3:0 fir de Favorit (1:0 Beto, 2:0 Beto, 3:0 Reis) an et huet no enger klorer Saach ausgesinn. No engem Timeout vu Leidelenger Säit sinn d'Gäscht mat engem séiere Gol zeréck an de Match komm a konnte kuerz drop souguer op 2:3 verkierzen (1:3 Rocha, 2:3 Rocha). Et ass elo séier op an of gaangen a souwuel Déifferdeng (4:2 Unjaque) wéi och Leideleng (4:3 Gomes) hu getraff. Dat lescht Wuert am éischten Duerchgang hat awer de Favorit mam 5:3 duerch de Ruben Reis.

Och déi zweet Hallschent huet Déifferdeng gehéiert. Wuel huet Leideleng och nach eng kéier getraff, dat sollt awer net duer goen. Leideleng huet lo alles missen no vir geheien an dat huet Déifferdeng genotzt, sou dass de Match mat 9:4 op en Enn goung.

Eng verdéngte Victoire an domadder och éischten Titel an der neier Saison fir den FC Déifderdeng 03.

Back to Top
CIM LOGO