Zanter zwee Joer gëtt elo schonn an der Entrée vu Munneref, direkt nieft der Saar-Autobunn gebuddelt a gebaut. De Bau vum Vëlodrom gëtt ëmmer méi konkreet. Bis 2029 soll do ee ganze Sportkomplex mat Piscine entstoen, deen och fir de Fräizäit a Schoulsport ka genotzt ginn.
"Do stécht ganz vill méi derhannert. Ech ginn am Fong ëmmer e bësse granzeg, wann ech héieren, dass mer just e Vëlodrom bauen. Hei geet et net nëmmen ëm eng Vëlospist vun 250 Meter, mee et geet ëm dat ganzt. Et geet ëm déi Synergien, déi geschafe ginn. Et däerf een net vergiessen, datt hei e Lycée gebaut gëtt vun 1.600 Schüler. Déi brauche Sportsplagën. Déi brauche Sportinfrastrukturen. Mir bauen hei net nëmmen e Vëlodrom. Mee do gëtt en In-field gebaut, wou dann och Sportsplagë kënnen ofgehale ginn. Mir bauen eng Schwämm, mir bauen eng Sportshal, mir bauen eng Kloterwand", sou de Steve Reckel, Buergermeeschter vu Munneref.
Och de Architekt Shahram Agaajani leed vill Wäert drop, datt de Projet vu vir era méi wéi just e Vëlodrom ass. Hie gebraucht d'Wuert "Ekosystem". Also en Ëmfeld, an deem et zu enger ganzer Rei un Interaktioune kënnt. Vu Sport iwwer Restauratioun bis Handel.
De Shahram Agaajani erkläert: "Il s'agit de plusieurs bâtiments dans un bâtiment. Il s'agit d'une réduction d'emprise, mais également des matériaux. Donc c'est un projet qui reste extrêmement puissant en termes de réduction de ressources, et donc écologique aussi, parce qu'il y a moins d'entretien, moins de maintenance. Et quand on parle d'écosystème, il faut aussi prendre en compte que c'est implanté à côté d'une future école, qui de son côté n'a pas besoin de construire une piscine, une salle de sport."
Aus der Luucht gëtt ee sech es bewosst, wéi grouss dee ganze Komplex gëtt. 28.000 Meter-Carré, vun deenen d'Vëlospist mat hiren 1.500 Sëtzplazen, der um Enn just ronn 10.000 anhëlt.
"Dat brauche mir, fir datt och d'Kanner scho richteg kënnen trainéieren, fir de richtege Feeling um Vëlo ze kréien. Also et ass immens wichteg. An de Projet geet gutt virun an ech freeë mech wierklech drop 2028, datt dann eeben d'Ouverture ka gefeiert ginn", esou eng begeeschtert Sportministesch, déi op Nofro hin erkläert, firwat dat Ganzt elo ëmmerhi 34 Millioune méi deier gëtt. Ugangs war e Budget vu ronn 64 Millioune virgesinn.
"All d'Bauen ass méi deier ginn. Awer och, datt zousätzlech Mesuren hu missen ergraff ginn, wéinst verschiddene Reglementatiounen, déi mir hunn. Zum Beispill d'Mobilité réduite, awer och den Zougang. Dir hutt gesinn, de Chantier, et ass net nëmmen de Vëlodrom, mee et ass och d’Sportshale vum Lycée, fir och d'Interaktiounen tëschent deenen Zwee richteg ze plangen. Do huet missen de Bauprojet ugepasst ginn. Et sinn och nei Virschrëfte vum Weltverband, vum Vëlo, wou mer eis och hu missen adaptéieren."
En Investissement, dat der ganzer Gesellschaft ze gutt komme géif.
De Steve Reckel hëlt d’Beispill vun der Piscine, déi dem Schoulsport aus der ganzer Regioun zegutt komme géif.
"Mir zum Beispill, mir ginn am Ament op Beetebuerg an d'Schwämm. Et ginn aner zwou Gemengen, déi ginn op Pärel schwammen an d'Duelemer Gemeng geet zum Beispill an d'Coque schwammen. Ech mengen, wann ee vun der Mobilitéit schwätzt a wann een dovunner seet, dass een och fir d'Kanner soll manner Zäit verléieren, ass dat heiten an dësem Eck vum Land ganz wichteg, dass mir eng Schoulschwämm kréien."
Vum Fondamental iwwer de Lycée, d'Vëlosfederatioun, bis owes de Fräizäitsport. Et bräicht ee sech keng Suergen ze maachen, datt déi ganz Installatiounen net wäerten ausgelaascht sinn.