Nächsten Ausfall fir d'FuttballnationalekippSeid Korac blesséiert ausgewiesselt, Eldin Dzogovic nonominéiert

RTL Lëtzebuerg
De Seid Korac huet sech e Sonndeg bei sengem Veräin an Italien wuel méi uerg blesséiert. Fir d'Ekipp vum Jeff Strasser ass dat net deen éischte wichtegen Ausfall.
© Val Wagner

Déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp huet weiderhi Pech mat Blessuren. Nodeems ënner anerem de Christopher Martins verletzungsbedéngt net konnt selektionéiert ginn, huet et de Weekend och nach de Seid Korac erwëscht.

Den Defenseur gouf e Sonndeg den Owend bei der Partie vu sengem Veräin Hellas Verona géint Vicenza no 10 Minutte blesséiert ausgewiesselt. Wéi d'FLF e Méindeg de Moien an engem Communiqué matgedeelt huet, géif elo fir d'Éischt een IRM gemaach ginn, fir ze klären, wéi schlëmm d'Blessur um Knéi wierklech ass.

Zur Sécherheet huet den Nationaltrainer Jeff Strasser den Eldin Dzogovic nonominéiert. Eng Selektioun vum Stroossener Tim Hall war opgrond vun enger Blessur um Réck net méiglech, heescht et weider am Communiqué.

Aktuell sti jo och nach Fragezeechen hannert dem Mathias Olesen an dem Enzo Dos Santos, déi allebéid réischt rezent aus enger Blessur zeréckkoumen.

Back to Top
CIM LOGO