ITF-Tournoi AntalyaEléonora Molinaro packt et nees an d'Finall

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin huet sech e Samschdeg de Moien an zwee Sätz mat 6:3 a 6:4 géint d'Bulgarin Dia Evtimova duerchgesat.
© pressphoto (Archiv)

Beim ITF-Tennis-Tournoi zu Antalya an der Tierkei steet d'Eléonora Molinaro an der Finall. Hei kritt d'Lëtzebuergerin et e Sonndeg mam Ines Ibbou aus Algerien ze dinn.

Déi leschte Woch hat d'Molinaro bei engem aneren Tournoi zu Antalya d'Ibbou an den Halleffinallen eliminéiert.

Den ITF-Tournoi zu Antalya ass mat 15.000 US-Dollar dotéiert.

Back to Top
CIM LOGO