ITF-TournoiEléonora Molinaro packt et zu Wiesbaden an den Haapttableau

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Eléonora Molinaro hir zwou Partien an der Qualifikatioun vum ITF-Tournoi zu Wiesbaden gewonnen.
© pressphoto Archiv

Domat huet sech déi jonk Lëtzebuergerin fir den Haapttableau qualifizéiert. Am éischten Tour vun der Qualifikatioun huet si sech mat 6:2 a 6:2 géint d'Giorgia Marchetti aus Italien duerchgesat an hirer zweeter Partie war et méi enk. Do krut d'Spillerin vun der Schéiss et mam Ipek Soylu aus der Tierkei ze dinn. Hei wënnt si mat 6:7, 7:5 an 10:7. Mat wiem si et elo am 1. Tour vum Haapttableau ze di kritt ass nach net gewosst. Mam Anna Blinkova aus Russland, dem Arantxa Rus aus Holland an dem Yanina Wickmayer aus der Belsch sinn direkt e puer gutt Spillerinnen um Depart.

Back to Top
CIM LOGO