
Beim ITF-Tennis-Tournoi zu Antalya an der Tierkei stoung d'Eléonora Molinaro an der Finall. Hei krut d'Lëtzebuergerin et e Sonndeg mam Ines Ibbou aus Algerien ze dinn.
Déi leschte Woch hat d'Molinaro bei engem aneren Tournoi zu Antalya d'Ibbou an den Halleffinallen eliminéiert. Och dëse Sonndeg sollt d'Lëtzebuergerin d'Iwwerhand behalen. D'Eléonora Molinaro wënnt kloer an 2 Sätz mat 6:2 a 6:4 a kann domat dësen Tournoi fir sech entscheeden.
Den ITF-Tournoi zu Antalya ass mat 15.000 US-Dollar dotéiert.