
En Dënschdeg den Owend war et d’Suite vum 4. Spilldag an der Nations League am Futtball.
Lëtzebuerg huet sech misse mat engem 2:2 géint d’Färöer Inselen zefridde ginn.
Däitschland - Italien 5:2
1:0 Kimmich (10'), 2:0 Gündogan (45+4', Eelefmeter), 3:0 Müller (51'), 4:0 Werner (68'), 5:0 Werner (69'), 5:1 Gnoto (78'), 5:2 Bastoni (90+4')
Däitschland huet en Dënschdeg den Owend Italien keng Chance gelooss. D’Ekipp vum Flick war déi dominant Formatioun a louch an der Paus no Goler vu Kimmich (10') a Gündogan (45+4') mat 2:0 a Féierung. No der Paus huet de Müller (51') séier op 3:0 gesat. Duerno ass d’Squadra Azzurra komplett auserneegefall an esou konnt de Werner duerch zwee Goler bannent 2 Minutten (68', 69') de Score op 5:0 an d’Luucht setzen. De Gnoto (78') an de Bastoni (90+4') hu fir den Europameeschter d’Éieregoler geschoss. Mam 5:2 fir eis Noperen ass de Match op en Enn gaangen.
England - Ungarn 0:4
0:1 Sallai (16'), 0:2 Sallai (70'), 0:3 Nagy (80'), 0:4 Gazdag (89')
Keng Chance haten d’Englänner géint Ungarn. Mat 0:4 huet sech d’Ekipp vum Southgate kloer misse geschloe ginn. Domadder bleift een och nom 4. Match ouni Victoire an et gesäit ëmmer méi no Ofstig aus.
Duerch d’Victoire bleift Ungarn am Grupp 3 mat 7 Punkten un der Tabellespëtzt. Si hunn ee Punkt Virsprong op Däitschland. Italien huet 5 Punkten an England der just 2.
Holland - Wales 3:2
1:0 Lang (17'), 2:0 Gakpo (23'), 2:1 Johnson (26'), 2:2 Bale (90+2'), 3:2 Depay (90+3')
No enger furiéiser Nospillzäit huet sech Holland nach dräi Punkte géint Wales geséchert. Nodeems d’Haushäre laang mat 2:1 a Féierung louchen, war dem Bale an der 2. Minutt vun der Nospillzäit den Ausgläich gelongen. Ma d’Hollänner haten nach eng Reaktioun op Lager a konnte Sekonne viru Schluss duerch den Depay op 3:2 setzen, wat och d’Schlussresultat sollt sinn.
Duerch dës Victoire steet Holland mat 10 Punkten un der Spëtzt vum Grupp 4. D’Belsch huet 7 Punkten, Polen der 4 a Wales just 1.
Polen - Belsch 0:1
0:1 Batshuayi (16')
Bosnien-Herzegowina - Finnland 3:2
1:0 Pjanic (5'), 1:1 Pukki (10'), 1:2 Kallman (18'), 2:2 Dzeko (29'), 3:2 Dzeko (58')
Rumänien - Montenegro 0:3
0:1 Mugosa (42'), 0:2 Mugosa (56'), 0:3 Mugosa (63')
Ukrain - Irland 1:1
0:1 Collins (32'), 1:1 Dovbyk (47')
Armenien - Schottland 1:4
Bichakhchyan (6'), 1:1 Armstrong (14'), 1:2 Armstrong (45+1'), 1:3 McGinn (50'), 1:4 Adams (54')
Moldawien - Andorra 2:1
1:0 Caimacov (26'), 1:1 Vieira (45+4'), 2:1 Nicolaescu (50', Eelefmeter)
Liechtenstein - Lettland 0:2
0:1 Gutkovskis (20'), 0:2 Gutkovskis (28')