Davis Cup am TennisEt muss méi eng professionell Astellung opkommen

RTL Lëtzebuerg
Fir de Gilles Muller war et déi éischte Kéier, datt hien op der Kapitänsbänk souz.
© RTL

„Mir mussen an Zukunft nach méi eng professionell Astellung hunn“ sot de Gilles Muller no der Davis Cup Woch a Griicheland. No Defaiten am Grupp géint Polen, Monaco an den Organisateur, konnt de Maintien an der Europa-Afrika Grupp 3, dunn am decisive Match géint Montenegro assuréiert ginn. Fir de Gilles Muller war et déi éischte Kéier, datt hien op der Kapitänsbänk sutz.

David Cup am Tennis - Reportage vum Frank Hippert

Virun allem d'Partie géint Montenegro war un Spannung net ze iwwerbidden. Am decisiven Dubbel ass d'Entscheedung och eréischt am drëtten a leschte Saz zu Gonschte vun der FLT-Formatioun gefall. Dat geet natierlech och baussen un d'Nerven.

Och wann een op sportlechem Plang d'Zil erreecht huet, esou gëtt et awer eppes wat an Zukunft bei der FLT-Davis Cup Equipe muss änneren, sou de beschte Lëtzebuerger Tennisspiller vun allen Zäiten.

Den Maintien huet d'Equipe vum Gilles Muller also gepackt, a mam Chris Rodesch ass dann och en interessant Talent dobäi, dat schonn säin Undeel dorun hat.

Back to Top
CIM LOGO