Conference-League-QualifikatiounF91 Diddeleng trotz Victoire eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend huet den F91 Diddeleng an der zweeter Ronn vun der Conference-League-Qualifikatioun de Retourmatch géint Gzira United gespillt.
Conference-League-Qualifikatioun
Den F91 Diddeleng ass trotz enger 2:1-Victoire eliminéiert ginn.

Out fir den F91 / De Resumé vun der Uefa Conference League vum Gilles Tricca

Op Malta hat d’Ekipp aus der Forge du Sud jo mat 0:2 verluer. Am Retourmatch hu sech d’Lëtzebuerger awer besser geschloen, ma um Enn sollt et awer net duergoen, fir an déi nächst Ronn ze kommen.

An der 38. Minutt war et den Hadji, dee fir d'1:0-Féierung vun den Diddelenger gesuergt huet. Dobäi sollt et dann och bis d’Paus bleiwen.

An der 2. Hallschent du war et nach eemol den Hadji, dee fir den 2:0 géint d’Ekipp aus Malta gesuergt huet, dat an der 84. Spillminutt.

Nëmmen 3 Minutten drop huet Gzira United mam Wilkson nach konnten op 1:2 verkierzen, ma bei dësem Score ass et dunn awer schlussendlech bliwwen.

Domadder packt et Diddeleng trotzdeem net fir eng Ronn weider ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO