
E Sonndeg war et d’Suitte vum Spilldag an den europäeschen Toppdivisiounen, wéi der Bundesliga, der Premier League, der Ligue 1, Serie A oder der La Liga.
Eintracht Frankfurt - 1. FC Köln 1:1
0:1 Kaniz (43',p), 1:1 Nkounkou (87')
Frankfurt huet sech doheem géint Köln richteg schwéier gedoen, well een d’Chancen, déi een hat net notze kann. D’Gäscht waren no 43 Minutten duerch en Eelefmeter vum Kainz a Féierung gaangen a réischt an der 87. Minutt ass et dem Nkounkou gelongen, op d’mannst nach ee Punkt fir Frankfurt ze retten.
Union Berlin - RB Leipzig 0:3
0:1 Simons (51'), 0:2 Sesko (85'), 0:3 Sesko (87')
Et awer eng zimmlech ausgeglach éischt Hallschent, ma liichtem Avantage fir Leipzig, ma ouni Goler. De Knuet ass du bei de Gäscht kuerz no der Paus geplatzt, wéi de Simons de Ball ënnert d’Lat gesat huet. De Réckstand nach opzehuele gouf fir Berlin no eppes méi wéi enger Stonn méi schwéier, wéi de Volland no engem schlëmme Foul vum Terrain geflunn ass. D’Heemekipp huet nach laang dogéint gehalen, ma de Sesko huet an de Schlussminutten direkt zwee Goler an zwou Minutte markéiert an domadder d’Victoire fir Leipzig ofgeséchert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
FC Liverpool - Aston Villa 3:0
1:0 Szoboszlai (3'), 2:0 Cash (22',sg), 3:0 Salah (55')
Scho fréi an der Partie war Liverpool op der Gewënnerstrooss, well de Szoboszlai schonn no 3 Minutten eng Virlag vum Alexander-Arnold notze konnt, fir seng Faarwen a Féierung ze bréngen. Pech fir Aston Villa koum dunn an der 22. Minutt dobäi, well de Cash de Ball esou ofgefälscht huet, datt hie sengem Golkipp keng Chance méi gelooss huet. No der Paus huet de Salah dunn nach een drop gesat, dat no engem Corner vum Darwin Nunez.
FC Arsenal - Manchester United 3:1
0:1 Rashford (27'), 1:1 Odegaard (28'), 2:1 Rice (90'+6), 3:1 Gabriel Jesus (90'+11)
Et gesäit een net dacks, datt zwee Goler an enger Partie falen, déi just eng Minutt ausernee leien. Esou awer passéiert am Duell tëscht Arsenal a Manchester United, wéi den Odegaard direkt nom Ustouss de Gol vum Rashford nees gutt maache konnt. Manchester hat dunn an der 88. Minutt eng weider Kéier gefeiert, ma de VAR huet de Gol vum Garnacho zeréckgeholl. De Rice huet et dunn an der Nospillzäit besser gemaach an den 2:1 fir Arsenal markéiert an 11 Minutten, nodeem déi regulär Spillzäit eriwwer war, huet de Gabriel Jesus och nach op 3:1 erhéicht.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Metz - Stade Reims 2:2
1:0 Sabaly (7'), 1:1 Diakité (17'), 1:2 Teuma (52'), 2:2 Jallow (63')
Et goung hin an hier am Stadion just e puer Kilometer hannert der Lëtzebuerger Grenz. Metz konnt no siwe Minutte schonn duerch de Sabaly a Féierung goen, ma 10 Minutte méi spéit huet den Diakité Reims nees zeréckbruecht. Et waren dann och d’Gäscht, déi besser aus der Kabinn koumen an an der siwenter Minutt vun der zweeter Hallschent dunn duerch den Teuma a Féierung gaange sinn. Eppes Klenges méi wéi eng Stonn am Match huet de Jallow Metz nees zeréckbruecht, an de leschten 30 Minutte sollt awer keng Formatioun méi den decisive Gol markéieren.
OGC Nice - Racing Stroossbuerg 2:0
1:0 Atal (45'+1), 2:0 Moffi (75')
Nice war däitlech déi dominant Ekipp doheem géint Stroossbuerg. D’Gäscht hunn an der ganzer Partie net ee geféierleche Schoss op de Gol hikritt. Nice dogéint huet et 16 Mol probéiert, sechs Mol goung de Ball op de Gol an zwee Mol, duerch den Atal an de Moffi, och iwwert d’Linn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Inter Mailand - AC Florenz 4:0
1:0 Thuram (23'), 2:0 Martinez (53'), 3:0 Calhanoglu (58',p), 4:0 Martinez (73')
Et war eng Partie, wéi op d’Kopp gestallt. Florenz hat iwwer 60 Prozent Ballbesëtzt, huet awer just zwee Mol op de Gol geschoss. Inter dogéint huet ganzer 11 Mol de Ball op de Kader bruecht a véier Mol ass en dann och laascht de Golkipp komm. Et ass de klassesche Beweis, datt Ballbesëtz eleng keng Matcher gewënnt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Wéinst dem ville Reen huet de Match tëscht Atlético Madrid an dem FC Sevilla misste verluecht ginn.