Gol-Festival an der BundesligaStuttgart iwwerrennt Freiburg, Bremen dominéiert Mainz, Bayern klappt Gladbach

RTL Lëtzebuerg
Et gouf e puer ganz kloer a vill ganz héich Resultater um 3. Spilldag vun der däitscher Bundesliga.
© Photo by THOMAS KIENZLE / AFP

De VFB Stuttgart huet Freiburg doheem keng Chance gelooss a setzt sech kloer mat 5:0 duerch. Schonn no 19 Minutte war d’Heemekipp 3:0 am Avantage, dat no engem Gol vum Führich an zwee vum Guirassy. No der Paus sollt de Führich dann och säin zweete Gol markéieren an och de Millot konnt sech an d’Lëscht androen.

Bremen hat am eegene Stadion e gudde Start géint Mainz a konnt no 4 Minutten scho feieren, well den Ducksch vum Punkt getraff hat. No engem Foul vum Hanche-Olesen hat den Arbitter op Eelefmeter entscheet. Mat deem Score goung et dunn och an d’Paus. Nom Säitewiessel koumen déi Bremer awer nach besser an de Match a Stage, Bittencourt a Gideon hunn hiren Avantage ausgebaut. Zum Schluss gouf et domadder eng batter 0:4-Néierlag fir d’Ekipp vum Leandro Barreiro.

Et sollt de Samschdeg vun de Goler sinn, well och tëscht Leverkusen an Darmstadt si sechs Goler gefall. Leverkusen ass no 21 Minutten duerch de Boniface a Féierung gaangen, ma scho véier Minutte méi spéit huet de Vilhelmsson ausgeglach. Mam 1:1 goung et dunn och an d’Paus. Ma d’Hausherren an der Bayer-Arena haten den Téi besser verdaut an de Palacios huet den 2:1 fréi nom Säitewiessel markéiert. De Boniface, den Hofmann an de Hlozek hunn dann am Verlaf vun der zweeter Hallschent de Score nach op 5:1 fir Leverkusen eropgeschrauft.

En 2:2 gouf et tëscht Augsburg a Bochum. D’Ekipp aus der Stad vun der Puppenkiste war zwee Mol a Féierung gaangen, dat duerch den Beljo an der 35. an dem Demirovic an der 62. Minutt, ma Bochum koum béid Kéieren duerch den Asano zeréck, dat an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent an 2 Minutten nom zweeten Augsburger Gol.

Och véier Goler gouf et tëscht Hoffenheim a Wolfsburg, déi waren awer net esou fair opgedeelt, wéi nach zu Augsburg. D’Gäscht waren no 36 Minutten duerch den Tomas a Féierung gaangen, ma de Brooks konnt nach virun der Paus den 1:1 markéieren. Nom Säitewiessel waren et dunn de Beier an de Skov, déi d'3:1-Victoire vun Hoffenheim kloer gemaach hunn.

An der Spëtzepartie vum Weekend sinn d’Bayern bei hiren Angschtgéigner aus de leschte Jore gereest, bei d’Borussia aus Mönchengladbach. Laang hat et och dono ausgesinn, wéi wann déi Münchener nees keng dräi Punkten vum Nidderrhäin géife mathuelen, nodeem se no 30 Minutten duerch de Itakura a Réckstand gerode waren an de Sané eréischt no enger Stonn den Ausgläich markéiere konnt. Ma et war den Tel, deen an der 87. Minutt d’Favoritten a Féierung konnt bréngen. Gladbach koum vun deem Réckstand net méi zeréck a verléiert domadder knapp doheem géint d’Bayern.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO