
Déi meescht Ekippen hu schonns hiren éischte Match hannert sech, dorënner och Japan, déi sech an hirer éischter Partie mat 30:10 géint Russland duerchsetze konnten. Och de Matfavorit Irland huet ee gudde Start erwëscht, si hunn Schottland bei der 27:3-Victoire keng Chance gelooss. Samoa komplettéiert de Grupp, si spillen en Dënschdeg hiren éischte Match.
Am Grupp B steet Italien aktuell ganz uewen an der Tabell, dat nodeems si sech mat 47:22 géint Namibia duerchsetze konnten. An enger weiderer Partie war Südafrika den Titelverdeedeger aus Neiséiland ënnerleeën, dat mat 13:23. An dëser Grupp huet Kanada nach net gespillt.
Am Grupp C si mat England a Frankräich zwou weider ganz grouss Rugby-Natioune vertrueden. Frankräich konnt sech knapps mat 23:21 géint Argentinien duerchsetzen, iwwerdeems England bei der 35:3-Victoire géint Tonga keng Schwieregkeeten hat. Déi 5. Ekipp an dëser Grupp sinn d'USA.
An der Grupp D konnt sech Australien am éischte Match mat 39:21 géint Fidschi duerchsetzen. An der zweeter Partie gouf et eng kloer Victoire vu Wales géint Georgien, um Enn stoung et 43:14 fir d'Waliser. Uruguay komplettéiert de Grupp.