FLASSGesondheetssport a Corona-Zäiten

RTL Lëtzebuerg
FLASS, esou heescht déi Associatioun, déi sech zu Lëtzebuerg fir de Gesondheetssport asetzt.

Chronesch krank Leit sollen duerch Sport a Beweegung eng besser Liewensqualitéit kréien. Sport ass hei en Universal-Medikament, wat bei wäit méi Krankheeten hëlleft, wéi dacks ugeholl. Esou treffen sech zum Beispill ëm déi 600 Leit reegelméisseg fir zesummen, a medezinesch gutt encadréiert, Sport ze maachen. Dat alles ass awer an dësen Zäiten net esou einfach.

Hei geet et an éischter Instanz ëm Sport als Therapie. Reegelméisseg Beweegung kann d’Liewe verlängeren an d’Liewensqualitéit verbesseren. Allerdéngs heescht et wéinst der Pandemie virsiichteg ze sinn, seet de President vun der FLASS, den Dr Charel Delagardelle.

Déi Leit mat chronesche Krankheete sinn natierlech méi vulnerabel. An den allermeeschte Fäll hu se eng gestéiert Immunofwier. Dat heescht, si si méi susceptibel, mat Covid krank ze ginn. Do muss een da virsiichteg sinn. Et dierf een net ze vill iwwerdreiwen. Mä am Prinzip rode mir de Leit mat chronesche Krankheeten, reegelméisseg Sport ze maachen. Et ass jo esou, datt de Sport den Infektiounsrisiko erofsetzt.

Datt besonnesch si sech mussen un déi bekannt Reegelen halen, ass evident. D’Annonce, datt d’Halen an d’Schwämmen zou sinn, mécht de Sportprogramme awer bedeitend méi schwéier.

Mir organiséieren eng Rei Aktivitéiten dobaussen, Nordic Walking an och einfach wanderen. Dat zweemol an der Woch. Mä, vue datt mir ganz aktiv Dirigenten an eisem Veräin hunn, ass et eis gelongen, e komplette Programm mat Telesport op d’Been ze setzen.

Do muss e sech aschreiwen a da kann een iwwer Zoom matmaachen. Eng Normalitéit kënnt eréischt erëm, wann den Impfstoff do ass, seet den Dr Delagardelle .

Insgesamt ass dat Ganzt natierlech eng Katastroph. Et huet eis ganz Federatioun FLASS , awer och de “Groupe sportif pour Cardiaques” extrem hannendra gehäit. Ech gesinn d’Situatioun elo esou, datt mer hopefully d’nächst Joer bei engem groussen Echelon impfen, an dass mir lues a lues am Laf vum nächsten hallwe Joer den Infektiounsrisiko kënne signifikativ senken, an dass mir warscheinlech vu Mëtt nächstem Joer eis normal Coursë kënne maachen.

Eng Rei Covid-Infizéierter hu méiglecherweis mat Nowéie vun där Krankheet ze kämpfen. U si geet den Opruff vum Dr Delagardelle, vun der Offer vum Gesondheetssport ze profitéieren.

Déi Leit, déi sollte mir dann och am Laf vum nächste Joer en Charge huelen. Et kommen also duerch de Covid nach aner Aufgaben op eis duer. Mir haten ugefaangen, mat de verantwortleche Politiker a Kontakt ze trieden. Dat musse mir elo nohuelen an ech hoffen, datt mir dann eng Relance vum Gesondheetssport hei kënne kréien.

Back to Top
CIM LOGO