Lëtzebuerger Futtballer am AuslandGläichspill fir den Anthony Moris mat St. Gilloise

RTL Lëtzebuerg
De Weekend waren nees eng ganz Partie Lëtzebuerger Futtball mat hire Veräiner am Ausland am Asaz.
© AFP (ARCHIV)

An der Jupiler League an der Belsch huet den Anthony Moris mat St. Gilloise 1:1 zu Gent gespillt. De Lëtzebuerger Keeper stoung wéi gewinnt 90 Minutten tëscht de Pottoen. St. Gilloise bleift weider 1. an der Tabell, virum RSC Anderlecht.

An der däitscher Bundesliga huet de Leandro Barreiro mat Mainz 1:1 géint Hoffenheim gespillt. Dobäi war méi dra fir Mainz. Net nëmmen dass een Eelefmeter verschoss gouf, mee och dass de Richter direkt 2 mol de Ball un d’Lat geschoss huet. De Leandro Barreiro huet sengersäits 90 Minutte gespillt.

Den Enes Mahmutovic ass beim 0:0 tëscht Sofia an Etar an der Bulgarescher 1. Liga bei Sofia net zum Asaz komm.
An Éisträich verléiert Austria Wien zu Wolfsberg mat 0:1. De Marvin Martins stoung net am Kader, dat well den Defenseur nach wéinst enger rouder Kaart gespaart ass.

Samschdeg

Eng wichteg Victoire gouf et fir de Sébastien Thill a Polen. Mat sengem Veräin Rzeszow huet hien 3:0 géint Gornik Leczna gewonnen. Duerch déi dräi Punkte behält een de Kontakt zu de Qualifikatiounsplaze fir den Opstig an déi 1. Liga.

De Lëtzebuerg stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain.

An der 2. Bundesliga stoung den Danel Sinani nees net am Kader vum FC St. Pauli. St. Pauli huet um 14. Spilldag auswäerts mat 3:2 géint Hansa Rostock gewonnen an domadder seng Tabelleféierung gefestegt. Et war déi zweete Kéier noeneen, datt de Sinani net am Kader stoung.

Elversberg mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte huet e weidere Succès gefeiert. Mat 4:1 huet ee Paderborn geklappt. An der provisorescher Tabell steet een elo mat 24 Punkten no 14 Spilldeeg op der véierter Plaz, dat punktgläich mam Tabellendrëtten Düsseldorf.

An der Ligue 2 a Frankräich huet Ajaccio mam Maxime Chanot 0:2 zu Annecy verluer. De Lëtzebuerger huet de Match duerchgespillt a krut an der 56. Minutt déi giel Kaart gewisen. Tëscht Bastia an Auxerre gouf et een 0:0-Remis. Bei Bastia stoung de Florian Bohnert 90 Minutten um Terrain. An der Tabell steet Ajaccio op der 7. Plaz a Bastia steet op der 15. Plaz.

Freideg

An der däitscher Bundesliga huet den 1. FC Köln mat 0:1 géint Bayern München verluer a steet elo op der leschter Plaz an der Tabell. Den decisive Gol huet de Kane an der 20. Minutt markéiert. De Lëtzebuerger Mathias Olesen stoung bei deene Kölner net am Kader.

An der 3. däitscher Liga gesäit et aktuell och net gutt aus fir Waldhof Mannheim mam Laurent Jans. Um 13. Spilldag huet ee sech mat 1:2 géint den SC Verl misse geschloe ginn. Dobäi hat de Match net schlecht gestart, hat dach den Okpala d’Haushären an der 12. Minutt nach a Féierung bruecht. De Laurent Jans huet de Match duerchgespillt. Mat 13 Punkte steet Mannheim op enger Ofstigsplaz.

An der 2. Liga an Éisträich gouf et um 15. Spilldag eng 0:2-Defaite fir St. Pölten mam Dirk Carlson géint den SV Horn. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun, krut an der 57. Minutt Giel gewisen a gouf an der 78. Minutt ausgewiesselt. An der 81. Minutt huet St. Pölten een Eelefmeter dolaanscht gesat. St. Pölten steet mat 23 Punkten op der 5. Plaz an der Tabell an huet 14 Punkte Réckstand op déi éischt Plaz, d’Opstigsplaz.

Am Championnat am Aserbaidjan huet Sabah Baku mat 1:2 géint Qarabag Agdam verluer. De Lëtzebuerger Vincent Thill gouf bei der Heemekipp an der 89. Minutt agewiesselt.

Back to Top
CIM LOGO