FuttballHackerugrëff op Manchester United

RTL Lëtzebuerg
Den englesche Rekordmeeschter ass Affer vun engem Hackerugrëff op d'IT-Systemer ginn, huet de Veräin e Freideg matgedeelt.
© SID/ANTHONY DEVLIN

De Veräin hätt séier Moossnamen ergraff, fir den Agrëff anzedämmen a schafft den Ament mat Experten zesummen, déi de Virfall z’ënnersichen, heescht et am Schreiwes vu ManUnited.

Déi kritesch Systemer wieren awer sécher, de Match géint West Bromwich Albion kann deemno wéi geplangt e Samschdeg gespillt ginn. Bis ewell ass net gewosst, ob et eng Verletzung vu privaten Date vu Fans a Clientë gouf.

Back to Top
CIM LOGO