
Fir den Tabelleleader SC Ell gouf et eng kloer 10:1-Victoire géint d’Entente Rouspert-USBC. No sechs Matcher sti si domat weider un der Tabellespëtzt, dat awer mat enger Partie méi um Kont wéi den Tabellenzweete Swift Hesper.
Dee konnt sech mat 4:0 zu Dikrech behaapten a seng Aufgab domat erfëllen. Dräi Goler an der éischter Hallschent duerch d’Gueguen, Zanoubi a Coulibaly hunn de Grondstee fir déi dräi Punkte geluecht, déi si bis um Enn iwwert d’Zäit bruecht hunn.
Ouni Punkteverloscht bleift weiderhin de Racing, dee sech um Samschdeg mat 6:0 géint den SC Beetebuerg behaapt huet. Virun allem déi véier Goler vum Karoline Kohr hu fir e kloren a verdéngte Succès gesuergt, mat där d’Ekipp aus der Stad elo no véier gespillte Matcher 12 Punkte sammele konnt.
An de weidere Partië vum Owend gouf et dann nach eng 1:3-Néierlag fir Jonglënster géint Mamer an eng wichteg 4:0-Victoire fir d’Entente Wuermer/Mënsbech/CSG géint den FC Déifferdeng.