
De Pit Brandenburger ass bei de Spiller vun de klenge Länner een neie Rekord iwwer 1500 Meter geschwommen. Hien huet no 15 Minutte 47 Sekonnen an 49 Honnertstel ugeschloen. Deen ale Rekord vum Raphaël Stacchiotti aus dem Mäerz 2018 stoung bei 16 Minutten 10 Sekonnen an 18 Honnertstel.
De Julien Henx huet iwwer 100 Meter Crawl Gold gewonnen an domadder och déi éischt Goldmedail fir d'Team Lëtzebuerg gewonnen. Nieft dem Henx stoung iwwer 100 Meter Crawl mam Pit Brandenburger nach een zweete Lëtzebuerger um Podium. Fir hien ass de Chrono no 51 Sekonnen a 15 Honnertstel stoe bliwwen.
Och de Raphaël Stacchiotti huet um 1. Dag nees zougeschloen. Iwwer 200 Meter Réck huet hien an enger Zäit vun 2 Minutte 5 Sekonnen an 3 Honnertstel Gold gewonnen. De Rémi Fabiani huet als Zweeten ugeschloen.
Fir de Raphaël Stacchiotti gouf et och nach Gold iwwer 200 Meter 4Nages.
Iwwer 200 Meter Papillon huet de Joao Carneiro als Zweeten ugeschloen.
Iwwer 200 Meter Papillon huet sech d'Monique Olivier Sëlwer geséchert. Bronz war fir d'Lena Peters.
Fir d'Sarah Rolko gouf et iwwer 200 Meter Réck Sëlwer. D'Jacqueline Banky ass hei déi 4. ginn.
D'Schwëmmer hunn dann och nach fir ee gëllenen Ofschloss gesuergt. Iwwer 4x100 Meter Crawl hunn de Raphaël Stacchiotti, de Pit Brandenburger, de Bob Sauber an de Julien Henx als 1. Staffel ugeschloen.
