
Dem aktuelle Stand no dierfen 39 Athleten aus béide Länner vun de Spiller deelhuelen, 22 dovun aus Russland a 17 aus Belarus. Wéinst dem Ugrëffskrich géint d’Ukrain dierfe si dat allerdéngs nëmme, wa si ënner engen neutrale Fändel oplafen a komplett op Symboler vun hirem jeeweilege Land verzichten.
Scho Mëtt Juni hat den IOC eng éischt Lëscht mat zougeloossenen Athleten aus dem Cyclissem, dem Turnen, dem Gewiichthiewen an dem Trampolinsprangen erausginn. En Donneschdeg koumen dann Tennis, Schéissen a Rudderen dobäi. Am Tennis goufen d’Russen Daniil Medwedew, Andrej Rublew a Karen Chatschanow invitéiert. Aus Belarus sinn et d’Aryna Sabalenka an d’Viktoria Asarenka. Et läit un de Sportler ze decidéieren, ob si d’Invitatioun unhuelen.